Monthly Archives: November 2013

Vun enger Währung déi et nëmmen am Internet gëtt – Bitcoin

Den Ausdrock Bitcoins héiert een an leschter Zäit ëmmer méi dacks. Dacks gouf dëst Wuert am Zesummenhang mat dubiéisen Säiten oder Geschäfter genannt. Ma wat stécht eigentlech hannert deeër Währung déi villen Leit guer keen Begrëff ass. Un sech ass et eng esou genannten Cryptowärhrung, eng Währung déi reng digital ass an en plus anonym.

Vereinfacht duergestallt ass et eng dezentraliséiert Währung déi iwwert hiert Netzwierk kontrolléiert gëtt. Ma wat heeschen déi verschidden Punkten vun deeër Währung dann eigentlech?

Dezentral Währung: D’Geld gëtt vum System selwer kontrolléiert. Et gëtt keng Zentralbank déi d’Iwwersiicht huet, déi d’Geld produzéiert an d’Unzuel kontrolléiert. Bei Bitcoins iwwerhëlt den System, d’Netzwierk all déi Funktiounen selwer. Den Protokoll ass esou geschriwwen dass d’Perr-to-Peer Netzwierk d’Transaktiounen selwer kontrolléiert an doduerch Mëssbrauch ausgeschloss gëtt. Doduerch dass d’Anonymitéit vum System een Haaptpilier ass, as et och schwéier Transaktiounen enger bestëmmter Persoun zou ze uerdnen.

D’Geld selwer: Et gët net einfach decidéiert dass X Bitcoins op den Marché gehait ginn, ma den Erfinder huet decidéiert dass 21 Milliounen Coins den Maximum wieren. An déi Bitcoins gin duerch Rechenleeschtung vun den Benotzer generéiert. Iergendwann ëm 2200 sinn se réischt all um Marché disponibel.

Cryptowährung: Et kritt een Bitcoins als Merci wann een “Hashwerter” fënnt an enger SHA-256 Berechnung. Dëst as een Crypto-Algorithmus. Dofir muss den PC (respektiv aner Hardware) eben genau déi Wäerter berechnen. Den System kontrolléiert déi Berechnungen dann an wann et stëmmt kritt een déi respektiv Belounung.

Fazit: Fir Computer begeeschtert Leit eng flott Internet-Success-Story. D’Fro ass just ewéi laang den Succès unhalen wärt, ma dat kann nëmmen d’Zäit erzielen. Et as een komplexen System woumatter een an deem läschte Joer vill Geld verdéngen konnt ma den Zuch as definitiv schonns extrem schnell ënnerwee! Ech wärt an engem spéideren Blog eemol op meng Erfahrungen mam System agoen, ma och ech sinn knapps réischt 2 Méint mat dem System bekannt an ech weess definitiv nach net genuch doriwwer fir een Expert ze sinn.

Héieren wat esou ronderëm een geschitt

Virun geraumer Zäit sinn ech iwwert een Thema am Internet gefall wat mech alt rëm interesséiert huet an wat ech hunn missten ausprobéieren. Et handelt sech dobäi ëm SDR-Scanner. SDR steet fir Software Defined Radio an un sech geet et ëm Funk Scanner déi een um PC bedreiwen kann. Ma wat dat ganzt nach méi interessant mëscht ass virun allem den Fakt dass d’Hardware fir knapps +/-15€ am Elektronik Geschäft vum Vertrauen ze kréien ass! Wei ech deen Artikel gelies hat hunn ech mech bei Ebay an Co. op d’Sich gemaach an déi néideg Hardware bestallt, ma kuerz drop hunn ech an mengem Fundus un Hardware natierlech esou een Stick fonnt =)

Wat brauch een? Ma een DVB-T USB Stick! Wéieen Model? Dat ass schwéier soen… Ma Google hëlleft engem sécher wieder. Un sech vergewaltegt een d’Hardware well een se fir aner Zwecker mëssbraucht ewéi se geduecht wor. Mëttlerweil hunn ech fir manner ewéi 20€ (Versand inklusive) an mengen China Shop vum Vertrauen elo nach weider Stick’en bestallt. Mol kucken wat se bréngen wann se no méi ewéi engem Mount ukomm sinn =)

Wat ech ower bis dato realiséiert hunn? Virun allem een normalen Funk Empfänger an wat mir ower nach besser gefall huet een ADSB Radar. Dat ass wierklech een flotten Gimmick an fir Hobby Aviatioun Amateuren eng bëlleg Alternativ zu kommerziellen Systemer déi iwwert puer honnert Euro kaschten. Ech hat alt rëm vergiess ze erwähnen dass een an Verbindung mat engem Raspberry Pi och wonnerschéin Projeten mat esou Sticken realiséieren kann =)

Hei just nach puer Linken:

SDRSharp – Freeware Radio Scanner – Empfänger Programm

adsbScope – Freeware ADSB Programm

Main eischten Raspberri Pi

Virun geraumer Zäit ass mäin éischten Raspberri Pi ukomm =) Wierklech eng vun deenen beschten Spillsaachen di ech mir an leschter Zäit geleescht hunn! Fir all di di net wëssen wat dat fir een Apparat ass, hei eng ganz kuerz Zesummefaassung: Et handelt sech dobäi ëm eng Aart Mini-Computer, een bëssen méi grouss ewéi eng Scheckkaart, knapps 1cm heich deen eng Reschenleeschtung vun engem alen Handy huet.

Un sech also net wierklech den Dram PC fir den Normal Benotzer, ma fir Leit déi een bëssen Computer begeeschtert sinn, eng absolut Mega Spillsaach! Jo d’Rechenleeschtung ass minimal am Verglach mat engem Standard PC, an mat 512MB Ram ass en och net wierklech een Supercomputer ma d’Communautéit déi sech ronderëm forméiert huet dréit mëttlerweil zum absoluten Hype bäi!

Un sech gouf den Mini-Computer erfonnt fir jonk Leit zum Programméieren ze motivéieren, ma ewéi bis d’Hardware-Hacking-Community vun deeër Spillsaach Wand krut gouf aus deem klengen Projet een Monster wat vun allen Säiten mëttlerweil quasi mëssbraucht gëtt fir divers Saachen ze realiséieren fir déi een bis dato komplett PC Systemer gebraucht hunn, ower nëmmen minimal Ressourcen an Usproch geholl hunn vun deem PC. An elo gëtt et eng Hardware déi vum Stroumverbrauch hier esou minimalistesch ass, dass een normalen Raspberri Pi fir ënnert 20€ dat ganzt Joer komplett duerch lafen kann an trotzdem wierklech vill Méiglechkeeten bitt. An deenen nächsten Wochen ginn ech op di divers Projeten an déi ech realiséieren wärt!

Blog hin oder hier…

Wat soll ech elo grousses soen?! Een neien Blog. Op Lëtzebuergesch virun allem! Wat ech hei dran schreiwen? Iwwert Computer, Netzwierk an soss Suergen vun engem Computer Enthusiast =) Deeër gëtt et sécher schonns, ma dacks sinn se entweder vun Geeks, also absoluten Computer vernarten Spezialisten di dacks an enger Sprooch schwätzen wou nëmmen Fachleit verstinn oder vun Noobs, Leit di also net wierklech Ahnung hunn an einfach eemol schreiwen wat hinnen an den Krom kennt.

Ech sinn weder nach. Ech klasséieren mech als Fortgeschrattenen Benotzer an. Wat dat heescht? Denken dass ech wierklech vill vun Computer an Co. verstinn, méi ewéi den Duerchschnëttlechen Computer Benotzer. An verschiddenen Saachen sinn ech sécher och een bëssen méi bewandert ewéi verschiddener, ma als Expert bezeechnen ech mech net wierklech. Ech hunn näischt aus dem Domaine geleiert an hunn mer alles autodidaktesch geleiert.

Ma bon… Mol kucken wat d’Liewen bréngt!