Monthly Archives: February 2014

Vun Uebst an aneren Themen

Leider koum ech eng ganz Zäit elo net méi zum schreiwen. Dëst wor zum engen fir d’éischt bedéngt duerch professionell Ëmstänn an uschléissend duerch Familiär. Ma bon… That’s life!

Een Thema wat ech ower uschneiden wollt wat mir un sech schonns laang op der Long läit ass meng Sprooch! Dowéinst schreiwen ech och ganz bewosst op Lëtzebuergesch! Jo ech sinn mir bewosst dass ech doduerch manner Leit uschwätzen kann well der schonns manner et verstinn ewéi Englesch, Däitsch oder Franzeich. Ma Lëtzebuergesch ass een bëssen ewéi eng seelen Déierenaart… Se ass vum ausstierwen bedrot! Schreiwen mëscht schonns guer keen, wat ower éierlech gesot och net esou evident ass. Ech kéieren all Text duerch den Spellchecker fir een Maximum un Fehler lass ze ginn ma éierlech gesot schätzen ech dass ech verschidden Saachen nach falsch verbesseren.

Mä ofgesi dovunner fannen ech et einfach schued dass esou wéineg Matbierger an Auslänner déi hei wunnen oder all Dag op Lëtzebuerg hier Pei verdéngen kommen net bereet sinn eis Sproch ze leieren geschweige dann se ze schwätzen. Wat mir bei deeër Diskussioun wierklech op d’Strëmp geet ass, dass een soubal een dorobber lant, een direkt als Rassist, Xenophob oder Friemefeindlech betitelt gët. Neen! Ech sinn weder nach! Ech sinn och net Lénks- oder Rietsradikal orientéiert!

An et ass genau dat wat mech rosen mëscht! Egal wat een seet wat net Friemefrëndlech ass oder soen mer wat Pro-Lëtzebuerg ass gëtt direkt als negativ ausgeluecht an direkt ginn iergendwellech Saachen eran interpretéiert. An dat ass einfach schued!

D’Leit sollten éischter hier Zäit benotzen fir eis schéin Sprooch ze leieren oder eben eng Mandarine ze iessen =)