Monthly Archives: May 2014

Crowdfunding zu Lëtzebuerg

Crowdfunding ass endlech och zu Lëtzebuerg ukomm! Super kann ech just dozou soen! Nodeems an Amerika elo schonns zanter Joren deen Prinzip schéin Projeten ënnerstëtzt huet, hunn mir endlech een lokalen Site deen déi Méiglechkeet bidd! Natierlech ass den Undrang am Ufank elo eemol een bëssen bescheiden, ma ech denken dass fir Lëtzebuerg eng wierklech flott Saach ass!

Kuckt een déi grouss Site déi nom selwechten Prinzip dann kann een behaapten dass déi gudden Succès hunn. Fir d’Kand elo mam Numm ze nennen: NUBS.LU ass déi lëtzebuergesch Versioun! Och wann een een bëssen brauch bis dass een den Prinzip vum Opbau vun der Säit versteet gratuléieren ech hinnen dofir! Et ass een gelongenen Projet an ech hoffen dass se groussen Succès mat hirer Iddi hunn!

Ech fir mäin Deel wärt se regelméisseg suivéieren an wärt wann een Projet mir zouseet och definitiv se ënnerstëtzen! Genau esou wei ech et schonns mat Projeten bei Kickstarters gemeet hunn wärt ech et och hei maachen! Eng flott Saach!