Monthly Archives: August 2014

Firwat Männer HD gesinn an Fraleit analog lauschteren

Virun geraumer Zäit souz ech mat Kollegen zesummen an mir hunn iwwert Technik gegeckst. Genau an deem Moment ass am Hannergrond Musek gelaf vun engem Internet Radio. Zoufällegerweis koum deen aus engem Südamerikaneschen Land wou wuel den Technik Standard nach net esou heisch ass an et huet däitlech aus dem Haut-Parleur gekraatzt…

An dunn hunn mer een Mythos alt erëm bestätegt! Fraleit schéngen een beneidenswäerten integréierten Filter ze hunn. Ech nennen deen emol einfach Anti-HD Filter well et deen selwechten beim HD op der Tele gëtt. Gëff engem Framënsch een Toun vun schlechter Qualitéit an een Top CD Toun (oder ähnlech Qualiteit) an dann freet et wou dann den Ënnerscheet wier. Héieren mëscht hat dat net! Opwuels du mengs deen aneren géif duerch eng blechen Dous braddelen klengt daat fir si d’selwegt.

D’Selwecht verhält et sech bei engem HD Bild op der Telé. Do kanns du tëschent HD an Standard Definitioun em sprangen, eis weiblech Matbierger gesinn keen Ënnerscheet! Mä bon… Mir Männer hunn dofir wuel een beneidenswäerten Filter fir den Stëbs net ze gesinn.

An deem Sënn… Weiderbotzen!