Bildung zu Lëtzebuerg

Leschten Woch woren d’Statistiken vun der OECD an den Noriichten. Et ass schockéierend ze gesinn ewéi eist wonnerschéint Lëtzebuerg an den Statistiken ofschneit! Mir sinn iwwerall net wierklech gutt ausser an enger Statistik, an zwar an deeër vun den Gehälter vun dem Léierpersonal! Do sinn mir déi Beschten… Mä bon… Dat wor et dann ower och! Et ass erschreckend ze gesinn ewéi schwaach eisen Schoulsystem ass am Verglach mam Ausland ma och do fannen déi responsabel Politiker wahrscheinlech iergend eng Erklärung firwat an wisou dat esou ass.

Beschten Beispill sinn folgend Artikelen déi op Wort.lu respektiv op Tageblatt.lu ze fannen sinn. Beim Tageblatt gesäit een extrem gutt ewéi den Ministär dat esou dréint ewéi et him passt. Ma leider gëtt et ower just déi Fakten déi een sech trotzdem net schéin schwätzen kann: Eist Léierpersonal huet déi beschten Peien an Europa an trotzdem kréichen se dass se net genuch kréien an Fakt ass ausserdeem dass den Prozentsaz vun den Schüler déi een Ofschloss kréien vill méi niddreg (15% laut deem Artikel) ass ewéi den Duerchschnëtt an Europa…

Mä bon… Ech sinn jo ower och nëmmen een deen knapps een Ofschloss gepackt huet an ech hunn och zu deeër Statistik bäigedroen dass déi mannsten hier Schoul packen ouni Éireronnen. Stellt sech juste d’Fro op et un den Schüler läit oder um System!?

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/Teure-Schule-30029863

http://www.wort.lu/de/politik/oecd-bildungsbericht-luxemburg-steckt-am-meisten-geld-in-die-bildung-540ee1e5b9b3988708061ee2

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*