Monthly Archives: November 2014

Am Anfang war das Wort…

Ech surfen vill am Internet an ech bezeechnen mech als Noriichten Junkie. Doriwwer schmunzelen elo vläit verschidden Leit ma ech weess einfach gären wat esou ronderëm mech an soss esou op der Welt lass ass.

Déi eenzeg richteg Ausnahm ass wann ech an der Vakanz sinn respektiv am Ausland an keen gratis Internet fannen. Soulaang d’Europäesch Communautéit net den Roaming an den Grëff kritt dass een net méi een klengt Verméigen muss bezuelen fir alldeeglech Saachen, wärt ech mäin Roaming och desaktivéiert loossen.

Mä wouzou ech un sech kommen wollt… Zanter kuerzem huet eng vun mengen Liiblings Säiten (Wort.lu) eng nei Zort vun Reklamm op sengen Säiten. Am Ufank hunn ech gemengt ech hätt mir iergend een Misère agefaangen op mengem Gerät, eppes ewéi een Virus oder wat och ëmmer. Well ech deemools ower am Ausland op engem friemen Hotspot wor hunn ech uschléissend gemengt dass et vläit eng angeblennten Reklamm vun deem Hotspot wier. Jo et gëtt esou Systemer déi sech eben iwwert Reklammen sponseren. Ech hunn dunn näischt drop ginn.

Puer Deeg méi spéid, zeréck am Land an op mengem Computer, hunn ech genau déi selwecht Misère gehat an dunn hunn ech eemol méi genau hin gekuckt. An kuck do déi Reklammen haten Systeme! Dacks ass et een Video! Well ech am Ausland wor ewéi et mir opgefall ass, krut ech lokal Reklammen déi definitiv ewéi SPAM ausgesinn hunn, ma hei zu Lëtzebuerg woren et ower dacks Reklammen aus Lëtzebuerg…

Bon… Léift Wort: Ech sinn een groussen Fan vun iech, vun ären aktuellen Noriichten an schnellen Informatiounen! Mä iech esou ze “prostituéieren” an virun allem déi Reklammen net direkt am Ufank an ze blenden ma eréischt no puer Sekonnen an ze blenden, esou dass den Text deen een grad liest esouguer kann verréckelt ginn, an wann dann den Video fäerdeg ass, rutscht den ganzen Buttek erëm erop… Decken Schissi fir anstänneg ze liesen! Ech hoffen dir probéiert dat ze veränneren. Wann Reklamm, dann vun Ufank un an net erëm ewech huelen! Mä bon… Braucht dir nach méi Reklammen ewéi déi, déi der dacks op der alleréischter Säit driwwer blennt, déi wierklech schonns nervt?

Een Joer bloggen…

No engem Joer bloggen zeien ech een Fazit vun menger bis dato kuerzer an net esou hefteger Blogger Carrière. Wat kann ech soen? Et ass vill méi Aarbecht ewéi am Ufank geduecht! Einfach eemol drop lass schreiwen ass net esou einfach ewéi een mengt! Gutt Iddien hunn ass eng Saach, d’Zäit ze fannen se op den Bildschierm ze bréngen eng aner!

Ma firwat esou vill Aarbecht? Welt een een bëssen anstänneg Lëtzebuergesch schreiwen, dann muss een all Post ier en publizéiert gëtt eemol duerch den Spellchecker keieren. Jo et gëtt een Lëtzebuergeschen an ech benotzen en! Merci Spellchecker.lu dass et dech gëtt!

Dann dierf den Post net ze kuerz sinn. Ech probéieren op mannst eemol dass net all Andraag vun mir nëmmen 3 Zeilen huet, wëll dat bréngt jiddereen fäerdeg. Wann ech also banal een Andraag mäen iwwert mäin Raspberry Pi, dann hunn ech och dofir emol schonns puer Stonnen mat ronderëm spillen an probéieren mat deem verbruecht. Ma dat gesäit een am Post net!

Schlussendlech liesen ech dat ganzt nach een mol no ier ech et publizéieren. An schlussendlech dann sinn ongeféier 30 Minutten an d’Land gezunn fir een klengen neien Bäitrag ze publizéieren an der Hoffnung dass dann och een et liesen kënnt. An deem Sënn probéieren ech weider ze maachen!

Keep up reading =)

DIY Webcam & Raspberry

Nodeems ech schons een klengen Radar aus mengem Raspi gebastelt haat (vlait erklären ech daat eng aaner Keier) bastelen ech elo aus mengem nexten Opfer eng Netzwierkkamera. Well ech wiirklech driwer begeeschtert sin erklären ech elo ewei daat funktioneiert well ech der Mehnung sin dass vlait nach aaner Leit ähnlech Saachen probeieren wëllen.

Unfänken muss een mat enger eideler Wheezy Installatioun. Fënnt een ennert http://www.raspberrypi.org/downloads. Et versteet sech dass  een och muss d’Kamera Optioun aktiveieren an dei neideg Kamera och installeiert as.

Unschleissend muss een alles updaten waat een mat folgenden Uerderen mecht an der Console:

  • sudo apt-get update
  • sudo apt-get dist-upgrade
  • sudo rpi-update

Weinst engem aktuellen Problem mat der Camera Firmware muss een dei erem downgraden mat folgender Commande:

  • sudo rpiupdate 8660fe5152f6353dec61422808835dbcb49fc8b2

Huet een dann den System dann esou wait, dann muss een den Program fir d’Camera installeieren. Eventuel muss een den System nach nei starten ma dono geet et folgendermossen weider:

  • git clone https://github.com/silvanmelchior/RPi_Cam_Web_Interface.git
  • cd RPi_Cam_Web_Interface
  • chmod u+x RPi_Cam_Web_Interface_Installer.sh
  • ./RPi_Cam_Web_Interface_Installer.sh install

Sin dei Schrëtt gepackt, kann een sech sech iwerleen op een well dass d’Kamera automatesch starten well wann den Pi ungeet.

Dest geet iwert folgend Commande:

  •  ./RPi_Cam_Web_Interface_Installer.sh autostart_yes

Fals  een daat also net well, dann muss een folgend Commande angin:

  • ./RPi_Cam_Web_Interface_Installer.sh autostart_no

Ausserdeem kann een duerch d’veränneren vun /etc/apache2/ports.conf nach d’Port Nummer vum Apache veränneren.

Schlussendlech hun ech nach folgend Commande ausgefouert:

  • sudo ln -s /run/shm/mjpeg/cam.jpg /var/www/cam.jpg

Nach eng wichteg Informatioun… Internet Explorer verdreit sech net mat dem System. As eben Microdoof.

Vill Spaas!