Een Joer bloggen…

No engem Joer bloggen zeien ech een Fazit vun menger bis dato kuerzer an net esou hefteger Blogger Carrière. Wat kann ech soen? Et ass vill méi Aarbecht ewéi am Ufank geduecht! Einfach eemol drop lass schreiwen ass net esou einfach ewéi een mengt! Gutt Iddien hunn ass eng Saach, d’Zäit ze fannen se op den Bildschierm ze bréngen eng aner!

Ma firwat esou vill Aarbecht? Welt een een bëssen anstänneg Lëtzebuergesch schreiwen, dann muss een all Post ier en publizéiert gëtt eemol duerch den Spellchecker keieren. Jo et gëtt een Lëtzebuergeschen an ech benotzen en! Merci Spellchecker.lu dass et dech gëtt!

Dann dierf den Post net ze kuerz sinn. Ech probéieren op mannst eemol dass net all Andraag vun mir nëmmen 3 Zeilen huet, wëll dat bréngt jiddereen fäerdeg. Wann ech also banal een Andraag mäen iwwert mäin Raspberry Pi, dann hunn ech och dofir emol schonns puer Stonnen mat ronderëm spillen an probéieren mat deem verbruecht. Ma dat gesäit een am Post net!

Schlussendlech liesen ech dat ganzt nach een mol no ier ech et publizéieren. An schlussendlech dann sinn ongeféier 30 Minutten an d’Land gezunn fir een klengen neien Bäitrag ze publizéieren an der Hoffnung dass dann och een et liesen kënnt. An deem Sënn probéieren ech weider ze maachen!

Keep up reading =)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*