Am Anfang war das Wort…

Ech surfen vill am Internet an ech bezeechnen mech als Noriichten Junkie. Doriwwer schmunzelen elo vläit verschidden Leit ma ech weess einfach gären wat esou ronderëm mech an soss esou op der Welt lass ass.

Déi eenzeg richteg Ausnahm ass wann ech an der Vakanz sinn respektiv am Ausland an keen gratis Internet fannen. Soulaang d’Europäesch Communautéit net den Roaming an den Grëff kritt dass een net méi een klengt Verméigen muss bezuelen fir alldeeglech Saachen, wärt ech mäin Roaming och desaktivéiert loossen.

Mä wouzou ech un sech kommen wollt… Zanter kuerzem huet eng vun mengen Liiblings Säiten (Wort.lu) eng nei Zort vun Reklamm op sengen Säiten. Am Ufank hunn ech gemengt ech hätt mir iergend een Misère agefaangen op mengem Gerät, eppes ewéi een Virus oder wat och ëmmer. Well ech deemools ower am Ausland op engem friemen Hotspot wor hunn ech uschléissend gemengt dass et vläit eng angeblennten Reklamm vun deem Hotspot wier. Jo et gëtt esou Systemer déi sech eben iwwert Reklammen sponseren. Ech hunn dunn näischt drop ginn.

Puer Deeg méi spéid, zeréck am Land an op mengem Computer, hunn ech genau déi selwecht Misère gehat an dunn hunn ech eemol méi genau hin gekuckt. An kuck do déi Reklammen haten Systeme! Dacks ass et een Video! Well ech am Ausland wor ewéi et mir opgefall ass, krut ech lokal Reklammen déi definitiv ewéi SPAM ausgesinn hunn, ma hei zu Lëtzebuerg woren et ower dacks Reklammen aus Lëtzebuerg…

Bon… Léift Wort: Ech sinn een groussen Fan vun iech, vun ären aktuellen Noriichten an schnellen Informatiounen! Mä iech esou ze “prostituéieren” an virun allem déi Reklammen net direkt am Ufank an ze blenden ma eréischt no puer Sekonnen an ze blenden, esou dass den Text deen een grad liest esouguer kann verréckelt ginn, an wann dann den Video fäerdeg ass, rutscht den ganzen Buttek erëm erop… Decken Schissi fir anstänneg ze liesen! Ech hoffen dir probéiert dat ze veränneren. Wann Reklamm, dann vun Ufank un an net erëm ewech huelen! Mä bon… Braucht dir nach méi Reklammen ewéi déi, déi der dacks op der alleréischter Säit driwwer blennt, déi wierklech schonns nervt?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*