Monthly Archives: December 2014

Bloggen zu Lëtzebuerg

No engem Joer een bëssen esou sech an der Welt vun den Blogger beweegen hunn ech denken ech esou lues een bëssen sou den allgemengen Horizont ofgegraast an zu mengem Erstaunen festgestallt dass et eng richteg Mode-Community hei zu Lëtzebuerg gëtt. Soss kennt een dat juste vun der Tele respektiv eben dem Ausland ma ech hunn missten gesinn dass et eng ganz Rei deeër Blog’s gëtt!

Op zweeter Plaatz denken ech fënnt een Kachblogger… Am populärsten ass wuel do den RTL-Star d’Anne’s Kitchen. Ma och eng ganz Rei anerer fënnt een eben.

An zulescht gëtt et eng ganz Rei divers Blog’en iwwert allméiglech Themen. Ech hunn hei eng Lëscht zesummen gedroen vun deenen wuel greisten respektiv deenen wou een am einfachsten fënnt.

Dann wollt ech ower nach meng perséinlech Favoriten nach opzielen! Op Éischter Plaatz een méi witzeg un gehauchten Blog: Phonebitch. Hei erzielt eng Telephonsexunbidderin hier Geschichten an Aventuren. Wierklech ennerhuelsam!

Dann muss ech mäin Respekt fir egalwaat.lu ausschwätzen! Dëst ass wuel mat een vun deenen eelsten Lëtzebuerger Säiten deen ech kennen! Zanter den Ur-Zäiten wou et den Internet zu Lëtzebuerg gouf, kennen ech deen Site! An leider sinn vill Stären mat der Zäit ënner gaangen… Mat een vun deenen leschten Mohikaner!

Fir den Rescht sinn hei d’Linken:

Kachen

http://anneskitchen.co.uk/
http://theresa.lu/tv
http://www.what2how2.com/

Mode

http://www.clothesandcamera.com/
http://www.luxessed.com/
http://ivaniasmode.com/

Photographie /Film

http://www.filmreakter.lu/
http://nennyscorner.wordpress.com/
http://zipper85.wordpress.com/

Allgemeng / Geek / Computer / Schreftsteller

http://phonebitch.blogspot.com/
http://svenwohl.com/
http://geekshrine.net/
http://culturegeekblog.com/
http://notizziedel.blogspot.com/
http://egalwaat.lu/

Future posts

Leider koum ech aus privaten Grënn net méi derzou déi néideg Zäit an verschidden Posten ze investéieren déi ech am Kapp hunn. Ma hei een klengen Anblëck wat ech nach wëlles hunn. D’Reiefolleg muss definitiv net déi selwecht sinn!

Ech hunn zanter geraumer Zäit Doheem een ADSB Radar lafen. Un sech een banalen System deen Signaler ëmfänkt vun Fligeren déi ronderëm fléien.

Dann wollt ech mol iwwert meng éischten Erfahrungen vum Android 5 schwätzen.

Ausserdeem wollt ech iwwert eng nei Spillsaach schwätzen déi ech virun kuerzen geschenkt krut. Een sougenannten “Wearable”. Et handelt sech doabai em een klengen Lifetracker.

An zulescht wollt ech een bëssen iwwert d’Blogwelt schnëssen wei ech se zu Lëtzebuerg sou virfonnt hunn an leschter Zäit.

That’s it for today…

Sea Shepherd an Elysian Gates

Virun puer Wochen vun mir hunn Kollegen déi bei Elysian Gates sinn, een schéinen Projet realiséiert deen et wärt ass ze erwähnen! Si hunn een Video realiséiert an Zesummenaarbecht mat Sea Shepherd, enger Organisatioun déi sech als Hierten vun den Mierer gesinn! Weider Informatiounen fannt der ënnert den respektiven Linken.

Link zum Video: http://youtu.be/7E2ivvG5DTQ

Link zu Elysian Gates: http://www.elysiangates.com

Update? Jo!

Ëmmer erëm froen mech d’Leit op se sollen Updaten oder op se sollen déi läschte Versioun vun hirem Lieblings Programm updaten oder net an respektiv op et wierklech néideg ass all déi Updaten do ze maachen. Schliisslech hëlt dat jo ower Zäit an ass nerveg an Iwwerhaapt…

“Never change a running System” wor fréier ëmmer een Sproch vun Systemadministratoren. Wann een System gutt gelaf ass, sollt een d’Fangeren dervunner ewech loossen an et lafen loossen. Jo Freier wor alles besser… Oder eben just och net! Wien erënnert sech un Windows 98 Zaiten wou c$ absolut Narrenfreiheit geheescht huet? Do wosst einfach keen wat fir eng Geforen et géif an esou konnt een bei all Mënsch queesch iwwert den Harddisk sech alles erof kopéieren wat d’Internet Leitung hier gin huet… An genau dowéinst gëtt et Updaten. Deemools huet een sech missten den Service Pack sichen goen, an Haut seet den Computer engem mëttlerweil dass hien en fir dech eroof gelued huet an dass du “juste” nei starten muss fir dass alles funktionéiert!

An genee esou huet et sech och mat Homepagen an mat Serveren! Ass een Administrator vun esou engem Deel, dann ass et kruzial ëmmer déi läschten Updaten ze maachen! Esou erlieft elo och bei engem WordPress Site wou ëmmer uewen iergend een Link zu engem Online Casino ageblennt gouf. Wat wor geschitt? D’Kollegen haten virun 6 Méint den Site opgesat an zanter deem net méi dono gekuckt. Dunn koum et wei huet missten kommen an een Plugin gouf gehackt well den Autor och net méi dono gekuckt huet. An Zack huet deen quasi bei all Site wou en gelaf ass een Hack duerchgefouert an iergendwellech Linken eran gezaubert. Eng deck Sauerei ma domm gaangen!

Fazit vun der Geschicht: Do the f*cking Updates! Keep you System safe! Egal wat soss iergendwellech Leit iech soen dass der keng Gefor duerstellt an net interessant sidd fir Ugräifer! Esou Ugräifer hunn automatesch Systemer déi den Internet duerchgraasen an just no Schwaachstellen sichen déi hinnen bekannt sinn, an dann genee dat maachen wat si wëllen, nämlech alles hacken wat net sécher ass! Mä dat well jo keen héieren bis dass et erëm heescht: Ääääähhh… Mengen ech hunn mir iergend een Misère am Internet agefaangen, ma ech hunn keng Ahnung ewéi dat geschéien konnt…

Vill Leit maachen sech Gedanken ewéi een den “KIS – Keep It Simple” Prinzip ëmsetzen kann fir den Normalverbraucher an dofir maach Updaten! Vum Antivirus esou gutt ewéi vum Betribssystem! Just do it!