Monthly Archives: January 2015

Firwat hunn si dir dat ugedo?

Charlie? Charlie? Charlie? Firwat hunn si dir dat ugedo? Ganz schlëmm deen Misère! Ech mengen et steet ausser Fro dass een dat gutt heeschen kann wat geschitt ass! An ech mengen ganz vill Leit sinn richteg geschockt iwwert dat wat geschitt ass, ewéi brutal déi Zwëschefäll woren ma virun allem dass et matzen an Europa geschitt ass zimlech no bei eis.

Traureg dass esou eppes Schreckleches geschéien muss, dass vill Leit iwwerhaapt eréischt realiséieren wat geschitt. Jo kloer, et héiert een ëmmer erëm an den Noriichten dass Leit, an och souguer Lëtzebuerger, an den Krich gezunn sinn, well se radikaliséiert goufen. Ma deen Problem an Misère ass jo wäit ewech an souwisou wunnen mir jo op enger Insel…

Ech well sécher keng Partei ergräifen an ech denken Leit mat engem gesonden Mënscheverstand verstinn dass d’Ënnerdrécken vun Press an Meenungsfräiheet net zu Ziviliséierten Länner gehéiert! Ëmsou schlëmm fannen ech dann dass Leit wëllen eng Charta ausschaffen wat helleg wier an dofir net negativ oder kritesch hannerfrot dierft ginn duerch Schrëften, Biller oder soss Publikatiounen. Kennt jo ower een bëssen enger Zensur glaich!?

Mir missten eis éischter Suergen maachen wei mir deen Krich stoppen kënnen! Jo déi puer zeréck ze halen déi aus Europa och nach dohinner wëllen ass een Ufank, kloer déi wou zeréck wëllen och net einfach esou loossen ass een weideren Schratt! Ma dat léist den Krich net! Een super Reportage konnt een Haut den Mueren frei um 0:30 op dem däitschen RTL gesinn. Een däitschen Reporter wor an den IS Staat gefuer, duer wou keen sech hin traut an huet Interviewen gemeet dohannen. Den Link zum Reportage hei drënner.

http://www.rtl.de/cms/news/rtl-nachtjournal/wer-uns-nicht-anerkennt-den-werden-wir-toeten-juergen-todenhoefers-interview-mit-einem-deutschen-is-kaempfer-im-irak-4468b-c8bb-20-2176670.html

Een leschten trauregen Gedanken wou ech engem Student leider muss Rescht ginn deen sech d’Aarbecht gemeet huet folgendes zesummen ze sichen. Respekt fir déi Aarbecht wou hien dran gestach huet ma virun allem traureg well et weist ewéi schlëmm Politiker alt erëm Profit aus dem Misère vun aneren Leit schloen wëllen! Am Resumé huet den Student d’Lescht vun den internationalen Politeschen Participanten vun der Demo vum Sonndeg zu Paräis geholl an deenen Respektiven Leit hir Geschichten derbäi gepost wou een dann mol hir Astellung zur Press an der Meenungsfräiheet gesäit fir wat déi Demonstratioun un sech jo geduecht wor. Ma liest et selwer!

http://www.huffingtonpost.co.uk/2015/01/13/lse-student-daniel-wickhams-epic-twitter-takedown_n_6461208.html