Main Lifetracker

Zanter méi ewéi 2 Méint elo hunn ech een eegenen Lifetracker. Ech hat mech wierklech un sech schonns fir déi Produit’en interesséier, ma wor ower skeptesch an ze knéckeg fir mir een ze kafen. An am Dezember dunn krut ech een geschenkt. Et handelt sech dobäi em een Vívofit Aarmband vun Garmin. Derzou gehéiert och nach een Bolsband fir beim Sport ronderëm d’Broscht ze maachen wat dann d’Häerzfrequenz moossen kann.

Leider hunn ech d’Band fir ronderëm d’Broscht nach net getest, ma mäin Aarmband droen ech quasi ouni Ënnerbriechung. Meng Fra ass zwar net begeeschtert well ech elo un all Aarm eppes hunn ma bon. D’Liewen ass keen Wonschconcert ;-)

Virdeeler vum Vívofit Band:

  • Seng Batterie hält laang – Anscheinend quasi bis een Joer. Aner ähnlech Bänner muss een all Woch oder all puer Deeg lueden.
  • Ass relativ kleng fannen ech an et kritt een d’Bänner och an diversen Faarwen. Also misst jiddereen eppes passendes fannen
  • Bildschierm ass Monochrome, verbraucht also quasi keen Stroum wat sech positiv op seng Lafzäit ausleet

Nodeeler:

  • Bildschierm ass keen Touchscreen an huet och keng Beliichtung wat also mat sech bréngt dass een Nuets schlecht d’Auerzäit gelies kritt.
  • Alles leeft iwwert een Knäppchen wat net ëmmer onbedéngt praktesch ass.
  • Ech hunn zwar lo nëmmen d’App um Smartphone probéiert ma et schéngt ewéi wann all d’Donnée an eng Cloud gelueden ginn fir se ze verschaffen.

Mäin Fazit: Ech sinn zefridden dermadder! Eng gutt an präislech attraktiv Method fir d’Schrëtt ze zielen. Mir ass et un sech egal op iergend eng Firma weess wei wäit ech gelaf sinn. Soulaang se net op GPS dofir zeréck gräifen kann ech dermadder liewen dass déi getrëppelt Distanz nëmmen relativ genau ass.

Fir Leit déi sech derfir interesséieren eng interessant Alternativ zu aneren Produiten déi wuel vläit méi schick sinn an och méi innovativ, ma d’Lafzäit ass mir immens wichteg. Ech muss net all Woch wëllen meng Auer oplueden, respektiv riskéieren dass se eemol rëm platt ass, wann ech se bräicht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*