Raspi 2.0

Endlech no laangem Waarden ass deen Raspberry Pi 2 do! An jo ech hunn mir een geleescht! Nieft dem méi schnellen CPU deen elo och 4 Kären huet ass den RAM och op 1GB erop gesat.

Perséinlech muss ech soen dass et mir virkënnt ewéi wann den System wierklech wesentlech méi schnell wier! Aner Tester hunn ähnlech Usiichten gehat. Et ass méiglech dass dëst duerch den RAM ass an wuel einfach duerch divers kleng Verbesserungen esou schéngt.

Leider muss ech soen dass ganz weinech Programmer ower op den Multi-Core-CPU zeréck gräifen an doduerch also nach fir d’Zukunft Loft no uewen do ass. Wat ech och schued fannen, ass dass et nach keng Android Distributioun fir den Raspi gëtt. Wier een Super Gerät am Verglach zu engem Chromestick oder ähnlech.

Mä bon… Wärt an Zukunft nach weider iwwert meng Raspberry Aventuren beriichten.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*