S4 – DIY Reparatioun

Virun puer Deeg wor mäin Handy mir op den Buedem gefall. Leider wor en doduerch net méi wierklech ze gebrauchen well d’Glas zerguttst futti gefuer wor an ech doduerch ëmmer rëm kleng Glas Splitter un den Fangeren oder am Gesiicht hat.

Meng éischten Reparatur bis dass ech een neit Glas hat wor dunn Zellophan aus der Kichen. D’Kollegen hunn zwar gutt gelaacht, ma fir déi puer Deeg wou ech nach keen Ersatz hat, wor et méi ewéi perfekt. An der zweeter Phase hunn ech een Kit kaaft gehat mat engem neien Glas wat ech selwer wiesselen wollt. Hat dat bis dohinner nach ni gemeet ma mat engem Samsung S4 ass dat zimlech einfach ze realiséieren am Verglach mat aneren aktuellen Handy’en.

Ech hunn en plus elo déi méi einfach Versioun vun Reparatur gewielt. Et kann een nach d’Glas mat engem Loce Pech fest pechen ma dofir brauch een en plus eng Infrarout Luucht déi ech net besetzen. Vue que dass ech souwisou demnächst een neien GSM zegutt hunn, geet mir also déi Reparatur duer, ouni dass ech elo soen well dass et schlecht oder net gutt gemeet wier, ma se ass nëmmen méi 80% vun dem Original.

Hei dann elo d’Biller vun menger Aventure.

S4-1     S4-2     S4-3

S4-4     S4-5     S4-6

S4-7     S4-8

Inspiréiert hunn ech mech un engem Video bei YouTube wou ech mech wierklech strikt drun gehalen hunn an wou ech och wichteg Detailer draus gesinn hunn, ouni déi ech wahrscheinlech méi futti gemeet hätt ewéi virdrunner!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*