Quo Vadis Emojis – iOS Update

Gëschter Mueren huet mäin Aarbechts Handy mech dräi mol drop opmierksam gemeet dass een neien Update fir den iOS do ass… An der Mëttesstonn dunn hunn ech nodeems een Kolleg mech op nei Features opmierksam gemeet huet, deen och endlech ugekierpt. Ech weess elo ganz éierlech gesot net wat ech dovunner halen soll… Ganz éierlech ech sinn weder Rassist, Sexist nach Xenophob oder soss iergend eng negativ Astellung géigeniwwer vun friemen oder neien Saachen.

Mä wei wäit kommen mir nach an eiser Gesellschaft? Du muss mëttlerweil bal alles waats du sees oder méchs puer mol iwwerdenken ier’s du eppes méchs, an dann nach kann esou een gewaltegen Shitstorm iwwert dech kommen, fir Bagatellen wou ech mech heiansdo wierklech froen, ewéi verkommen eis Gesellschaft ass! Mä wat reegt mech dann elo esou op? Apple huet seng Emojis ugepasst. Laang iwwerfälleg soen déi eng, ma wat se lo fäerdeg bruecht hunn ass schonns Weltklassniveau!

Ech kann an Zukunft mengen Kollegen den Daum an allen méiglechen Faarwen weisen!? Hä? Schecken ech elo mengem Asiateschen Kolleg een gielen Fanger, an deem aus Afrika een brongen? Sécher net, well soss kréien ech jo schonns rëm aus deenen uewen genannten Grënn Problemer! An nach méi irritéiert hunn mech d’Billercher vun den Koppelen… Jo Apple huet elo fir all Zocht vun Koppel een Emoji! Schwuler an Lesben hunn elo och do den Wee bei Hetero Koppelen fonnt… Mat engem Kand oder méi, männlech an weiblech. Alles fënnt een. Genial! Just wann ech elo méi ewéi 3 Kanner hunn, dann ginn ech jo wierklech vun hinnen diskriminéiert…

iosupdate1     iosupdate2

Sinn dat d’Suergen déi eis Gesellschaft mëttlerweil huet? Ass jo deen selwechten Misère mat den Lampenmännchen zu Berlin. Och do mussen onbedéngt lo Fraleit hier. An ech dommen Jong hat gemengt, dat wier eng Traditioun an hat se och nach flott fonnt. Jo ech weess Gläichberechtegung hei an do! Mä wei wäit dreiwen mer et dann? Iergendwann muss een leider zum Schluss ënnert dem Stréch soen: Leider (och wann ech perséinlech net deeër Meenung sinn, an ech hoffen ganz staark dass keen sech doriwwer lëschteg mëscht) si mir anatomesch net gläich! Firwat d’Natur eis mat dem Fluch gestrooft huet verstinn ech och net. Aner Liewewiesen kommen jo och ouni aus. Wat wier eis Welt ower esou einfach.

Ech hoffen dass ech déi Emojis op mannst esou dacks benotzen wärt, ewéi ech Zäit gebraucht hunn mer se mol genau un ze kucken, ma iergendwéi hunn ech do meng Zweifel. En plus hunn ech mech an mengem Blog nach méi laang mat hinnen opgehalen. Mä alt erëm… Wat weess ech schonns ech dommen Jong…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*