Android 5.1 Lollipop Update

Ech sinn zanter annerhallwem Joer Besëtzer vun engem Nexus7 Tablette. Ech hat mech deemools spezifesch fir deen entscheet, well et d’Original Google Tablette ass, déi also och mat am schnellsten ëmmer déi aktuell Android Versioun kritt. Natierlech ass en net esou schéin an huet all Funktiounen ewéi verschidden Samsung Geräter se hunn, ma éierlech gesot wollt ech ganz Basic Tablette zu engem raisonnabelen Präis. Leider muss een soen dass een se net am Google Shop kritt vun Lëtzebuerg aus. Schued! Deemools hunn ech missten den Wee iwwert Amazon wielen fir mäin Ankaaf.

Am November 2014 hunn se dunn och direkt no der Annonce vun der Lollipop Versioun dat fir mäin Gerät fräiginn. Upgrade gouf gemeet an virun puer Wochen elo dann erëm nei Updaten. An dat ass jo den Nexus Geräter hiren groussen Virdeel am Verglach zu Samsung an Co. Gëtt Google een Update eraus vun Android, dann dauert et dacks Méint bei deenen aneren Firmen, bis dass déi se ugepasst hunn fir hier Geräter, well déi dacks nach eng aner Uewerfläche drop geheien etc. Nexus Geräter sinn do wesentlech méi schnell bedéngt.

Bon… Ech sinn een absoluten Verfechter vun Updates (Hat ech schonns eemol gezielt ënnert dem Baidraag – Update? Jo!) well se d’Systemer einfach méi sécher maachen. Lo hat Google ower ewéi et ausgesäit een Bock geschoss mat hirem virleschtem Update. Besoneg betraff Nexus7 Geräter déi nom Update zu enger sougenanntener “Brick” (Zill / Zigelsteen) gouf well en net méi starten wollt. Entweder hat ech einfach Chance oder et wor well ech den Update sou frei gemeet hunn an eng spéider Versioun vum Update den Misère gemeet huet, ma mäin Gerät funktionéiert nach ëmmer. Dës Woch elo krut ech een neien klengen Update ugebueden deen ech och direkt opgespillt hunn, well mir déi Problematik bekannt wor, an deen Update wahrscheinlech genau weinst deem Problem nokoum.

Et bleift ze hoffen, dass sou Update an Zukunft net méi virkommen. Divers Leit woren richteg gehait mat hirem System, wann deen eemol net méi funktionéiert huet, an dat obwuel se un sech alles richteg gemeet huet! Ech fir mäin Deel roden nach ëmmer all Update op ze spillen sou schnell et nëmmen geet!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*