Déi läscht Wochen huet Amazon ugefaangen hiren neien Fire TV Stick an Europa ze verschécken. Hei elo mäin Fazit vun deem Gerät am Verglach zum Google Chromecast nodeems ech meng nei Spillsaach dann elo och endlech getest hunn.
Fire TV Stick | Chromestick | |
Prais | 39€ | 35€ |
Netzdeel | Jo | Jo |
USB Kabel | Jo | Jo |
Telecommande | Jo | Neen |
Processor | Dual-Core | Singel-Core |
Ram | 1GB | 512MB |
Internen Spaicher | 8GB | 2GB |
Release Datum (DE) | 2015/04 | 2014/03 |
Apps | Amazon App Store | Google Play Store |
Stand-Alone | Jo | Neen |
Screen Clone | Nëmmen verschidden Amazon Geräter | Quasi all Android Gerät |
Positiv | Telecommande | Ennerstëtzt vill App’en |
Negativ | Greiseren Stroum Verbrauch | Muss emmer iwert Handy / Tablet gesteiert gin |
Perséinlech Meenung
Et muss een elo ower verschidden Saachen also ganz kloer ervir hiirwem ier een den Verglach mëscht. Den Chromestick koum virun méi ewéi engem Joer eraus! Dowéinst schonns den Ënnerscheet an der Hardware! Den Präis vun Deemools ass ganz kloer nach Haut Konkurrenzlos!
D’Amazon Gerät ass ganz kloer op allen Fronten am Virdeel. Alleng d’Telecommande déi derbäi ass, wor fir mech Argument genuch fir mir den Apparat ze leeschten! Et huet mech iwwerrascht ewéi ech mäin Fire Stick un d’Tele ugeschloss hunn an do den integréierten USB Port vun der Tele wollt huelen fir den Stroum, dass d’Gerät dunn um Bildschierm ugewisen huet, dass et net genuch Stroum krit. Also kloer méi ewéi 0,5 A Verbrauch. Wat mir och gefält ass dass de eegestänneg App’s kanns op dat Gerät installéieren. Also nach vill Spillraum fir an der Zukunft!
Lëtzebuerg ass eng Insel!
Leider muss een beim Amazon Stick erwähnen dass villes vun den Video / Museck Features op Amazon Prime ausgeluecht ass, an well mir eben als Lëtzebuerger keng Däitsch IP hunn, et also nëmmen mat gréisserem Opwand méiglech ass, déi Funktiounen ze benotzen. Netflix zum Dank ass Streaming ower keng Diskussioun an souwäit leeft alles fléissend.
Brauch ech deen neien Stick?
Éierlech gesot weess ech net… Huet een déi puer Suen net ze vill muss et definitiv net dat neit Gerät vun Amazon sinn. Den Google Stick ass nach ëmmer funktionell an hält bis dato mat. Ass et ower eng Eischtunschaafung, dann géif ech perséinlech wierklech op d’Amazon Maschinn zeréck gräifen, well d’Potential nach méi grouss ass!