Monthly Archives: June 2015

Kickstarter goes Luxembourg

Virun puer Deeg hunn ech mat Freet festgestallt dass Kickstarter säit dem 16ten Juni sech opgemeet huet fir Projeten vun Lëtzebuerger. Well ech een groussen Fan vun der Crowdfunding Iddi sinn denken ech dass et een gudden Schratt ass. Vläit fënnt een an Zukunft do dann souguer National Projeten déi een ënnerstëtzen kann. Ennen den Link op hir Noriicht.

A few days ago I realized that Kickstarter accepts since 16th of June Project coming from People living in Luxembourg. Because I am a huge fan of the crowdfunding idea I hope that this is a good step into that direction. Maybe we can find some more national Projects on their pages. Down the link to the original message from the Kickstarter Blog.

https://www.kickstarter.com/blog/welcoming-austria-belgium-italy-luxembourg-and-switzerland-to-th

Dual Language

Ech hunn decidéiert mäin Blog ab dësem Zäitpunkt an zwou Sproochen weider ze feieren! Ech hat virun geraumer Zäit decidéiert dass ech Lëtzebuergesch géif als Haaptsprooch bäi behalen, well meng Mammesprooch mir wichteg ass. Dowéinst bleift et dobäi dass mäin Blog op Lëtzebuergesch weider gefouert gëtt!

I’ve decided to continue my Blog from this moment on in two different languages! Some time ago i decided that i would keep Luxembourgish as principal language, because my mother language is important to me. That’s why my blog will still be continued in luxembourgish!

Ech sinn mir och bewosst, dass opmannst duebel esou vill Aarbecht fir mech heescht ewéi virdrunner, mä ech fannen et schued dass et esou wéineg Blog’en op Lëtzebuergesch gëtt! Dowéinst behalen ech mäin Prinzip bäi. Op deeër anerer Säit muss ech mech elo schonns wahrscheinlech fir mäin minabelt Englesch entschëllegen. Ech wärt mäin Bescht ginn, ma wärt zimlech sécher divers Bautzegkeeten vum Stapel loossen.

It is clear to me, that this means at least twice more work for me as previous, but i am disappointed that there are so few Blog’s in Luxembourgish! That’s why i will stick to my principles. On the other side i already have to apologize for my bad English. There will be definitely bad expressions so please be indulgent with me.

Sécherheet vernoléissegt

An deenen leschten Deeg koumen zwee Beispiller un d’Liicht vun Affären wou d’Sécherheet vernoléissegt gouf. An ganz kloer gesäit een wei kal et souguer Professioneller erwëschen kann!

Éischten Fall ass deen vun Kaspersky Lab’s. Dëst ass eng vun deenen groussen Anti-Virus Firmen op der Welt. An genau an deenen hiert Netzwierk gouf agebrach. Dat sinn un sech déi Leit, déi kucken wou agebrach gëtt an wei, déi ëmmer op der Sich sinn no neien Geforen an elo huet iergend een et dach wierklech fäerdeg bruecht bei deenen an ze briechen an hir Leitungen of ze lauschteren. Krass! Hei den Link op hir Noriicht.

Zweet Beispill ass opmannst esou krass ma vill méi schlëmm nach. Wei een vläit matkrut gouf an den Deutschen Bundestag agebrach, an zwar genau ewéi am Beispill virdrunner an hiert Netzwierk. An dat Spillchen geet elo schonns puer Wochen, wou hir Computer Leit probéieren d’Netzwierk ze botzen ma et einfach net an den Grëff kréien. Et schéngt elo ewéi wann een alles eraus rappen muss, an komplett nei mäen muss. Elo stellt iech dat mol nëmmen fir! Stellt iech fir, dass d’Informatik vun dem Betrib wou der Schafft misst all Computer mathuelen an opmannst een Dag brauch fir en nei ze installéieren. Theoretesch muss dat alles parallel goen, well soss den faulen Batz jo kéint iwwerliewen an sech rëm nei verbreeden. Een gehirlos Opwand kann ech do nëmmen soen. Hei den Link op eng Däitsch Noriicht iwwert dat Thema.

Security does matter

Op mannst dat schéngt kloer den Message vun der Regierung ze sinn an dat ass och gutt esou! Haut sinn ech beim Wort mol rëm op eng Noriicht gestouss zu deem Thema. An doduerch hunn ech mol rëm eng Kéier hiren Site iwwerflun an vereenzelt interessant Saachen fonnt. Dräi wollt ech hei deelen wou ech denken se sinn et derwäert eemol un ze kucken!

Déi éischt ass een Reportage vum RTBF. An dësem Video gëtt kuerz erklärt wat eisen Staat esou mëscht fir d’Leit ze sensibiliséieren respektiv fir déi Jonk op d’Geforen opmierksam ze maachen. RTBF.be Reportage

Deen zweeten Link wou ech deelen well ass een RaspberryPi Projet (Ech lieben RaspberryPi Projeten fir all déi wou et nach net matkruten!). CIRCL huet een fäerdegen System zesummen gestallt fir “knaschteg” USB Sticken ze botzen. Du hëls op deeër enger Säit den eventuell infizéierten Stick, stéchs en zesummen mat engem eegenen Stick op den System deen uschléissend d’Dateien kontrolléiert op den eegenen Stick kopéiert an doduerch eng Infizioun verhënnert. Link bei CIRCLean Projet.

Als läschte Link eng interaktiv Säit wou een eng Kaart ugewisen kritt, vun wou aus potenziell Attacken op Lëtzebuerg ausgefouert ginn. Sougenannten Honeypot’s sammelen déi Donnéeën déi dann schéin fir den Normalen Benotzer duer gestallt ginn! Et kritt een hei eng Iddi weivill esou am Internet un Geforen lauert. Hei d’Links op den Projet & d’Kaart.