Security does matter

Op mannst dat schéngt kloer den Message vun der Regierung ze sinn an dat ass och gutt esou! Haut sinn ech beim Wort mol rëm op eng Noriicht gestouss zu deem Thema. An doduerch hunn ech mol rëm eng Kéier hiren Site iwwerflun an vereenzelt interessant Saachen fonnt. Dräi wollt ech hei deelen wou ech denken se sinn et derwäert eemol un ze kucken!

Déi éischt ass een Reportage vum RTBF. An dësem Video gëtt kuerz erklärt wat eisen Staat esou mëscht fir d’Leit ze sensibiliséieren respektiv fir déi Jonk op d’Geforen opmierksam ze maachen. RTBF.be Reportage

Deen zweeten Link wou ech deelen well ass een RaspberryPi Projet (Ech lieben RaspberryPi Projeten fir all déi wou et nach net matkruten!). CIRCL huet een fäerdegen System zesummen gestallt fir “knaschteg” USB Sticken ze botzen. Du hëls op deeër enger Säit den eventuell infizéierten Stick, stéchs en zesummen mat engem eegenen Stick op den System deen uschléissend d’Dateien kontrolléiert op den eegenen Stick kopéiert an doduerch eng Infizioun verhënnert. Link bei CIRCLean Projet.

Als läschte Link eng interaktiv Säit wou een eng Kaart ugewisen kritt, vun wou aus potenziell Attacken op Lëtzebuerg ausgefouert ginn. Sougenannten Honeypot’s sammelen déi Donnéeën déi dann schéin fir den Normalen Benotzer duer gestallt ginn! Et kritt een hei eng Iddi weivill esou am Internet un Geforen lauert. Hei d’Links op den Projet & d’Kaart.

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*