Sécherheet vernoléissegt

An deenen leschten Deeg koumen zwee Beispiller un d’Liicht vun Affären wou d’Sécherheet vernoléissegt gouf. An ganz kloer gesäit een wei kal et souguer Professioneller erwëschen kann!

Éischten Fall ass deen vun Kaspersky Lab’s. Dëst ass eng vun deenen groussen Anti-Virus Firmen op der Welt. An genau an deenen hiert Netzwierk gouf agebrach. Dat sinn un sech déi Leit, déi kucken wou agebrach gëtt an wei, déi ëmmer op der Sich sinn no neien Geforen an elo huet iergend een et dach wierklech fäerdeg bruecht bei deenen an ze briechen an hir Leitungen of ze lauschteren. Krass! Hei den Link op hir Noriicht.

Zweet Beispill ass opmannst esou krass ma vill méi schlëmm nach. Wei een vläit matkrut gouf an den Deutschen Bundestag agebrach, an zwar genau ewéi am Beispill virdrunner an hiert Netzwierk. An dat Spillchen geet elo schonns puer Wochen, wou hir Computer Leit probéieren d’Netzwierk ze botzen ma et einfach net an den Grëff kréien. Et schéngt elo ewéi wann een alles eraus rappen muss, an komplett nei mäen muss. Elo stellt iech dat mol nëmmen fir! Stellt iech fir, dass d’Informatik vun dem Betrib wou der Schafft misst all Computer mathuelen an opmannst een Dag brauch fir en nei ze installéieren. Theoretesch muss dat alles parallel goen, well soss den faulen Batz jo kéint iwwerliewen an sech rëm nei verbreeden. Een gehirlos Opwand kann ech do nëmmen soen. Hei den Link op eng Däitsch Noriicht iwwert dat Thema.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.

*