Tag Archives: 3301

The Game is on…

Ufank Januar ass déi 3ten Editioun vun engem deenen komplizéiertsten an mysteriéisten Schnëtzeljuegten erëm ugaangen. “Cicada 3301” heescht deen Puzzle an ass wuel eng vun den speziellsten Erausfuerderungen déi et an deenen leschten Joren am Internet gouf!

Wien genau hannert deem wuel onheemlech Crypto-Spill steet ass absolut net kloer. Et gëtt Theorien déi an divers Richtungen weisen ma ganz genee kann wuel keen et soen ausser déi, déi hannen drun stiechen. An deenen leschten Joren gouf just kloer dass se Sympathisanten op der ganzer Welt hunn. Ma bis elo huet ower keen sech ëffentlech dozou bekannt! An wat den Sënn hannendrun ass, ass och onkloer! Déi eng mengen et wier iergend een Geheimdéngscht, anerer mengen et wieren Hacker oder soss eng verschwueren Gemeinschaft. Egal wien et ass, se ginn sech richteg Méi! Schwéier Krypto Aufgaben sinn den Minimum un Kenntnisser déi een muss hunn! Logesch denken an soss ontypesch Schlussfolgerungen sinn déi eenzeg Méiglechkeet fir weider ze kommen.

Fir déi wou et interesséiert fënnt een op Heise.de een däitschen Artikel wou eben een bëssen beschriwwen ass wat dat fir eng komesch Affäre ass. http://www.heise.de/security/meldung/Cicada-3301-Die-geheimnisvollste-Schnitzeljagd-des-Internet-2054956.html

Leit deenen dat net duer geet fannen hei d’Solutioun vum Joer 2014 (aktuellen Stand nach net fäerdeg) an kënnen also vum Ufank un probéieren op se et packen oder direkt op der leschter bekannter Etappe eran klammen. http://the-cicada-puzzles.wikia.com/wiki/2014_Recruitment_Puzzle