Tag Archives: Bitcoin

Bitcoins on the move again

For all those of you, who know what Bitcoins mean, here my call that the game about the evolution of the currency is on again ;-)

During the last week, the value of Bitcoins went from about 300$ up to just over 500$ but couldn’t keep it’s value for a long time. In less than 12 hours it went aggressively down again an so did the risks linked to Bitcoins go back up again.

Why this is worth an entry? During the last few month, the value of the currency always stayed between 220$ and 280$. This was far away from it’s record which was over 1000$. For the last year the value was quiet stable, compared to the extreme variations of the last days!

As usually… Don’t play with money you can not afford to lose!

Fir all déi, wou Bitcoin net iergend een Friemwuert ass, hei dann den Appel dass d’Wetten rëm amgaangen sinn ;-)

An deeër leschter Woch ass den Cour vun knapps em 300$ op just iwwert 500$ erop geschoss, ma huet sech mol keng 12 Stonnen halen kënnen. Aktuell ass en rëm am fräien Fall an huet erëm een extremen Risiko.

Firwat mir dat eng Meldung wäert ass? Déi leschten Méint ass den Cours ëmmer an der Géigend vun 220$ an 280$ ronderëm gependelt. Dëst wor wäit vum Rekord Cour vun iwwert 1000$ ewech an wor ower elo dat leschten Joer wierklech roueg. Mä esou krass Schwankungen sinn wierklech extrem seelen um Marché!

Ewéi ëmmer… Spillt net mat Geld wat der net bereet sidd ze verléieren!

Bitcoin Handel

Déi läschte zwou Wochen hunn ech mech een bëssen mam Bitcoin Handel beschäftegt an et wor eng Rasant Aventure! Eppes fir ewech: Handelt net mat Geld op wat dir net verzichten kennt! Et as wuel mat deen gréisten Risiko Marché deen zur Zäit aktuell dem groussen Public op ass! Et ass een Marché deen Fluktuatiounen vun méi ewéi 10% am Dag an allen Richtungen kann aschloen an Limitten kann keen wierklech viraus gesinn.

Ufank des Jores wor een Bitcoin em 10$ wäert an virun enger Woch stoung den Wäert bei iwwert 1200$. (Bitcoin Präis Statistik – https://blockchain.info/de/charts/market-price) D’Präisser sinn an deenen läschte Deeg elo schonns erëm gefall ma d’Noriichten di een an leschter Zäit ëmmer méi erëm vun dem Thema Bitcoins héiert kann een duerchaus als positiv bewäerten an deeër digitaler Währung op mannst fir geraum Zäit eng positiv Zukunft viraus soen.

Un sech gëtt divers Marchéen op deenen een kafen an verkafen kann. Een gudden Iwwerbléck bidd folgend Oplëschtung: http://bitcoincharts.com/markets . Do gesäit een och wei vill Transfert Volumen op deenen verschiddenen Platzen duerch geet wat engem och eng Iddi gëtt wie vertauenswürdeg se sinn.

Oppassen muss een ower virun allem wie een Geld eran respektiv eraus kritt vun deenen verschiddenen Marchéen. An ech schwätzen hei net vun den Bitcoins (BTC) ma virun allem vum regulärem Geld! Well schliisslech well een säin Profit (wann een dann iwwerhaapt een geneet huet) och erëm eraus kritt aus dem System! Google ass sécher eng grouss Hëllef, ma als Europäer soll een definitiv net an China oder Amerika (di zwee gréisten Marchéen) investéieren well se definitiv mat Komplikatiounen an virun allem laangen Zaitverzicht verbonnen sinn!

Ech fir mäin Deel sinn elo Client bei BitStamp an ech muss soen no enger gudder Woch studéieren huet een den System verstanen. Wat ower mengen ech wierklech net op di liicht Schëller ze huelen ass sinn d’Fluktuatiounen! Den traditionellen Trader Handel baséiert jo dacks op Noriichten an soss Informatiounen iwwert di Respektiv Firmen etc. Bei Bitcoins gëtt et dat net an virun allem sinn d’Noriichten dacks vill méi Schwier ze deiten respektiv reagéiert den Maart och net ëmmer ewéi een sech dat virstellt op di respektiv Noriichten! Bis elo sinn meng Rechnungen nach ëmmer op gaangen ma ech sinn ower och ganz virsiichteg bliwwen! Den Risiko dierf een ni aus den Aen verléieren! Well 10% Verloscht kënnen eng Fro vun 5 Minutten sinn an no 10 Minutten kann en schonns rëm iwwert sengem Initialen Wäert leien…

Vun enger Währung déi et nëmmen am Internet gëtt – Bitcoin

Den Ausdrock Bitcoins héiert een an leschter Zäit ëmmer méi dacks. Dacks gouf dëst Wuert am Zesummenhang mat dubiéisen Säiten oder Geschäfter genannt. Ma wat stécht eigentlech hannert deeër Währung déi villen Leit guer keen Begrëff ass. Un sech ass et eng esou genannten Cryptowärhrung, eng Währung déi reng digital ass an en plus anonym.

Vereinfacht duergestallt ass et eng dezentraliséiert Währung déi iwwert hiert Netzwierk kontrolléiert gëtt. Ma wat heeschen déi verschidden Punkten vun deeër Währung dann eigentlech?

Dezentral Währung: D’Geld gëtt vum System selwer kontrolléiert. Et gëtt keng Zentralbank déi d’Iwwersiicht huet, déi d’Geld produzéiert an d’Unzuel kontrolléiert. Bei Bitcoins iwwerhëlt den System, d’Netzwierk all déi Funktiounen selwer. Den Protokoll ass esou geschriwwen dass d’Perr-to-Peer Netzwierk d’Transaktiounen selwer kontrolléiert an doduerch Mëssbrauch ausgeschloss gëtt. Doduerch dass d’Anonymitéit vum System een Haaptpilier ass, as et och schwéier Transaktiounen enger bestëmmter Persoun zou ze uerdnen.

D’Geld selwer: Et gët net einfach decidéiert dass X Bitcoins op den Marché gehait ginn, ma den Erfinder huet decidéiert dass 21 Milliounen Coins den Maximum wieren. An déi Bitcoins gin duerch Rechenleeschtung vun den Benotzer generéiert. Iergendwann ëm 2200 sinn se réischt all um Marché disponibel.

Cryptowährung: Et kritt een Bitcoins als Merci wann een “Hashwerter” fënnt an enger SHA-256 Berechnung. Dëst as een Crypto-Algorithmus. Dofir muss den PC (respektiv aner Hardware) eben genau déi Wäerter berechnen. Den System kontrolléiert déi Berechnungen dann an wann et stëmmt kritt een déi respektiv Belounung.

Fazit: Fir Computer begeeschtert Leit eng flott Internet-Success-Story. D’Fro ass just ewéi laang den Succès unhalen wärt, ma dat kann nëmmen d’Zäit erzielen. Et as een komplexen System woumatter een an deem läschte Joer vill Geld verdéngen konnt ma den Zuch as definitiv schonns extrem schnell ënnerwee! Ech wärt an engem spéideren Blog eemol op meng Erfahrungen mam System agoen, ma och ech sinn knapps réischt 2 Méint mat dem System bekannt an ech weess definitiv nach net genuch doriwwer fir een Expert ze sinn.