Tag Archives: Lëtzebuerg

Luxembourg goes Prime-Video? Oder och net!

As I am client at the concurrency (Netflix not to name it), I still was happy to hear the news that Amazon Prime-Video became available in my country. Directly the next Saturday I created my Test-Account and hoped to watch that evening the first movie. But my joy had only lasted for a short instant… I immediately got an Geo-IP Blockage message…

So I read that, thought about it and logged into my Amazon.de Account to have a look at what the problem could be. There I was explained that I had no Prime-Video an that I should start the Test-Month. I did not really realise what had happened so I started (for the second time) the Test. But it was not as I imagined the Prime-Video but for the whole Amazon-Prime what I really didn’t want, so shortly after that my first mail to the support went out… It took me 3 mails until somebody finally nearly understood what I wanted and so my Prime month was cancelled. If I can ever try again a free month of Prime services is what I still do not know but honestly, it started to pull my leg as much that I do not care any more…

Back to my Video. My free Test-Week of Prime-Video (yes for the rest of the world not living in Germany, it is only one month) kept on running and after 4 mails after 5 days my problem was still not solved. After the Geo-IP- Blocking, I ran into Error 5505 where nobody again could help me.

I was given the advice to completely move my Amazon Account to the UK Store. But that is something I really do not want to do, due to the fact that my movies as well (which is even more important) all my shopping at Amazon would run over the UK shop!? WTF? To try it out, I simply followed the guidelines and came to the point to switch to foreign Amazon Shop’s but UK was not an Option. I could chose between French and the USA. French was not the language I wanted and American as primary shop? That’s a no go for EU citizen! Again I was of to write to the support. We had arrived onto mails No.6&7 an still no solution in sight…

Finally I have realised that my FireTVStick is sticking to the German Amazon Shop, and which is even more important, that you can not watch Prime-Video on that device. It can only be done over Tablet’s and Phones. It was the last reply from the support that explained everything to me.

What I have to say about the support of Amazon… Honestly: Thumbs up! They were always very friendly, always trying to help and even tried to call me. Respect on that!

So my final conclusion for the Product itself? Not really ready for the market in Luxembourg! If I have to take my tablet / phone to stream it over that device onto my TV that’s not really an Option. Their product can not even be used on their own player? Really? Maybe they should have put some more thoughts into the production bevore launching their platform for the main part of the countries. As Luxembourg is always special with Geo-IP and as Germany is still a licensing issue for Amazon I will stick for the moment to my regular VOD service even if they do not have as many new movies as Amazon does… Netflix here I come again!

Obwuel ech schonns Client bei der Konkurrenz sinn (Netflix fir se net beim Numm ze nennen) hunn ech wei ech d’Noriicht gelies hunn dass een bei Amazon Prime-Video kënnt Client ginn mech dorobber gefreet. Direkt Samschdes drop hunn ech een Test-Account op gemeet  an hunn mech kuerz drop op deen éischten Film gefreet. Mä meng Freet war vun kuerzer Dauer… Ech krut direkt mol een éischten Fehler vun wéinst Geo-IP- Blockage…
Gelies, iwwerluet an op Amazon.de ageloggt fir no ze kucken wou den Problem läng. Do krut ech kuerz drop mol erkläert dass ech guer keen Prime hätt an op ech den Test mount wielt ufänken. Obwuel ech et net richteg verstanen hunn, hunn ech mol den Gratis-Test Mount dann ugefaangen an der Virstellung et wier fir den Video eleng. Neen dat war fir den kompletten Amazon-Prime, wat ech net wollt an wou ech also dann kuerz drop mol schonns déi éischten Mail un den Support gemeet hunn… Nuje… Et huet 3 Mailen gedauert bis dass iergend een dann och nëmmen unnährend verstanen hat wat den Problem wier, an den Mount gouf dunn mol annuléiert. Op ech jeemools nach eemol den Gratis Test Mount kréien weess ech éierlech gesot net, mä ass mer och elo ze blöd et nach eemol ze erklären…
Zeréck bei den Video. Meng Gratis Test Woch vun Prime-Video (jo fir den Rescht vun der Mënschheet ausserhalb vun Däitschland schengt et net een Mount ze sinn) ass also gelaf an no 4 Mailen an knapps 5 Deeg huet nach ëmmer keen den Problem geleist gehat. Vun der Geo-IP Blockage sinn ech op Error 5505 gefall an och opgrond vun deem Fehlercode konnt keen mir helefen.
Ech krut dunn virgeschloen mäin kompletten Amazon Konto op Amazon.co.uk eriwwer ze migréieren. Dat well ech ower net, well dann meng Akeef wei Filmer komplett iwwer UK géifen lafen. WTF?! Egal… Wollt et trotzdem probéieren op dat klappen geif, also der Mail vum Support mol gefollegt mä op den Punkt koum, wou ech guer net UK als mäin Kindle-Shop auswielen konnt. Wat den Kindle mat Prime an Video ze din huet, entzitt sech menger Kenntnis mä mäin Problem wor also nach ëmmer net behuewen. FR an USA waren déi eenzeg Méiglechkeeten wou ech ugewisen krut. Franseich well ech net wierklech an Amerikanesch als Haaptshop? Geet jo guer net… Also alt erëm eng Mail un den Support. Mir sinn bei Mail No.6&7 ukomm an nach ëmmer keng Léisung an Aussiicht.
Ech hunn schlussendlech realiséiert dass mäin FireTVStick op den Däitschen Marché gebonnen ass, an wat nach vill méi wichteg ass, dass de keng Prime-Video Offerten kanns op deem kucken. Des Offer kann just iwwert Tablett / Handy gekuckt ginn, wat mir an der läeschter Mail vum Support erkläert gouf.
Wat ech nach iwwert den Support vun Amazon soen kann… Ganz éierlech: Top Service! Si woren wierklech ëmmer immens frëndlech, hunn ëmmer probéiert ze hëllefen an hunn souguer probéiert mir un ze ruffen. Respekt fir dat!
Mäin Fazit: Definitiv nach net prett fir den Lëtzebuergeschen Marché! Wann ech meng Tablette / Handy muss huelen fir se doriwwer op meng Telé ze streamen, dann ass dat net wierklech praktesch! An ganz éierlech, et funktionéiert net um Player deen aus hirem Haus kennt? Éierlech? Villäicht hätten se sollten méi Gedanken an d’Realisatioun stiechen ier se hir Plattform op den Marché geworf hunn. Well Lëtzebuerg nach ëmmer speziell wor betreffend Geo-IP an well Däitschland fir Amazon nach ëmmer een Lizenzen Problem ass, muss ech wuel bei mengem regulären VOD Provider bleiwen, souguer wann deen net esou vill Filmer am ugebuert huet wei Amazon… Netflix hei sinn ech erëm!

Dual Language

Ech hunn decidéiert mäin Blog ab dësem Zäitpunkt an zwou Sproochen weider ze feieren! Ech hat virun geraumer Zäit decidéiert dass ech Lëtzebuergesch géif als Haaptsprooch bäi behalen, well meng Mammesprooch mir wichteg ass. Dowéinst bleift et dobäi dass mäin Blog op Lëtzebuergesch weider gefouert gëtt!

I’ve decided to continue my Blog from this moment on in two different languages! Some time ago i decided that i would keep Luxembourgish as principal language, because my mother language is important to me. That’s why my blog will still be continued in luxembourgish!

Ech sinn mir och bewosst, dass opmannst duebel esou vill Aarbecht fir mech heescht ewéi virdrunner, mä ech fannen et schued dass et esou wéineg Blog’en op Lëtzebuergesch gëtt! Dowéinst behalen ech mäin Prinzip bäi. Op deeër anerer Säit muss ech mech elo schonns wahrscheinlech fir mäin minabelt Englesch entschëllegen. Ech wärt mäin Bescht ginn, ma wärt zimlech sécher divers Bautzegkeeten vum Stapel loossen.

It is clear to me, that this means at least twice more work for me as previous, but i am disappointed that there are so few Blog’s in Luxembourgish! That’s why i will stick to my principles. On the other side i already have to apologize for my bad English. There will be definitely bad expressions so please be indulgent with me.

Crowdfunding zu Lëtzebuerg

Crowdfunding ass endlech och zu Lëtzebuerg ukomm! Super kann ech just dozou soen! Nodeems an Amerika elo schonns zanter Joren deen Prinzip schéin Projeten ënnerstëtzt huet, hunn mir endlech een lokalen Site deen déi Méiglechkeet bidd! Natierlech ass den Undrang am Ufank elo eemol een bëssen bescheiden, ma ech denken dass fir Lëtzebuerg eng wierklech flott Saach ass!

Kuckt een déi grouss Site déi nom selwechten Prinzip dann kann een behaapten dass déi gudden Succès hunn. Fir d’Kand elo mam Numm ze nennen: NUBS.LU ass déi lëtzebuergesch Versioun! Och wann een een bëssen brauch bis dass een den Prinzip vum Opbau vun der Säit versteet gratuléieren ech hinnen dofir! Et ass een gelongenen Projet an ech hoffen dass se groussen Succès mat hirer Iddi hunn!

Ech fir mäin Deel wärt se regelméisseg suivéieren an wärt wann een Projet mir zouseet och definitiv se ënnerstëtzen! Genau esou wei ech et schonns mat Projeten bei Kickstarters gemeet hunn wärt ech et och hei maachen! Eng flott Saach!