Category Archives: Luxembourg

Luxembourg goes Prime-Video? Oder och net!

As I am client at the concurrency (Netflix not to name it), I still was happy to hear the news that Amazon Prime-Video became available in my country. Directly the next Saturday I created my Test-Account and hoped to watch that evening the first movie. But my joy had only lasted for a short instant… I immediately got an Geo-IP Blockage message…

So I read that, thought about it and logged into my Amazon.de Account to have a look at what the problem could be. There I was explained that I had no Prime-Video an that I should start the Test-Month. I did not really realise what had happened so I started (for the second time) the Test. But it was not as I imagined the Prime-Video but for the whole Amazon-Prime what I really didn’t want, so shortly after that my first mail to the support went out… It took me 3 mails until somebody finally nearly understood what I wanted and so my Prime month was cancelled. If I can ever try again a free month of Prime services is what I still do not know but honestly, it started to pull my leg as much that I do not care any more…

Back to my Video. My free Test-Week of Prime-Video (yes for the rest of the world not living in Germany, it is only one month) kept on running and after 4 mails after 5 days my problem was still not solved. After the Geo-IP- Blocking, I ran into Error 5505 where nobody again could help me.

I was given the advice to completely move my Amazon Account to the UK Store. But that is something I really do not want to do, due to the fact that my movies as well (which is even more important) all my shopping at Amazon would run over the UK shop!? WTF? To try it out, I simply followed the guidelines and came to the point to switch to foreign Amazon Shop’s but UK was not an Option. I could chose between French and the USA. French was not the language I wanted and American as primary shop? That’s a no go for EU citizen! Again I was of to write to the support. We had arrived onto mails No.6&7 an still no solution in sight…

Finally I have realised that my FireTVStick is sticking to the German Amazon Shop, and which is even more important, that you can not watch Prime-Video on that device. It can only be done over Tablet’s and Phones. It was the last reply from the support that explained everything to me.

What I have to say about the support of Amazon… Honestly: Thumbs up! They were always very friendly, always trying to help and even tried to call me. Respect on that!

So my final conclusion for the Product itself? Not really ready for the market in Luxembourg! If I have to take my tablet / phone to stream it over that device onto my TV that’s not really an Option. Their product can not even be used on their own player? Really? Maybe they should have put some more thoughts into the production bevore launching their platform for the main part of the countries. As Luxembourg is always special with Geo-IP and as Germany is still a licensing issue for Amazon I will stick for the moment to my regular VOD service even if they do not have as many new movies as Amazon does… Netflix here I come again!

Obwuel ech schonns Client bei der Konkurrenz sinn (Netflix fir se net beim Numm ze nennen) hunn ech wei ech d’Noriicht gelies hunn dass een bei Amazon Prime-Video kënnt Client ginn mech dorobber gefreet. Direkt Samschdes drop hunn ech een Test-Account op gemeet  an hunn mech kuerz drop op deen éischten Film gefreet. Mä meng Freet war vun kuerzer Dauer… Ech krut direkt mol een éischten Fehler vun wéinst Geo-IP- Blockage…
Gelies, iwwerluet an op Amazon.de ageloggt fir no ze kucken wou den Problem läng. Do krut ech kuerz drop mol erkläert dass ech guer keen Prime hätt an op ech den Test mount wielt ufänken. Obwuel ech et net richteg verstanen hunn, hunn ech mol den Gratis-Test Mount dann ugefaangen an der Virstellung et wier fir den Video eleng. Neen dat war fir den kompletten Amazon-Prime, wat ech net wollt an wou ech also dann kuerz drop mol schonns déi éischten Mail un den Support gemeet hunn… Nuje… Et huet 3 Mailen gedauert bis dass iergend een dann och nëmmen unnährend verstanen hat wat den Problem wier, an den Mount gouf dunn mol annuléiert. Op ech jeemools nach eemol den Gratis Test Mount kréien weess ech éierlech gesot net, mä ass mer och elo ze blöd et nach eemol ze erklären…
Zeréck bei den Video. Meng Gratis Test Woch vun Prime-Video (jo fir den Rescht vun der Mënschheet ausserhalb vun Däitschland schengt et net een Mount ze sinn) ass also gelaf an no 4 Mailen an knapps 5 Deeg huet nach ëmmer keen den Problem geleist gehat. Vun der Geo-IP Blockage sinn ech op Error 5505 gefall an och opgrond vun deem Fehlercode konnt keen mir helefen.
Ech krut dunn virgeschloen mäin kompletten Amazon Konto op Amazon.co.uk eriwwer ze migréieren. Dat well ech ower net, well dann meng Akeef wei Filmer komplett iwwer UK géifen lafen. WTF?! Egal… Wollt et trotzdem probéieren op dat klappen geif, also der Mail vum Support mol gefollegt mä op den Punkt koum, wou ech guer net UK als mäin Kindle-Shop auswielen konnt. Wat den Kindle mat Prime an Video ze din huet, entzitt sech menger Kenntnis mä mäin Problem wor also nach ëmmer net behuewen. FR an USA waren déi eenzeg Méiglechkeeten wou ech ugewisen krut. Franseich well ech net wierklech an Amerikanesch als Haaptshop? Geet jo guer net… Also alt erëm eng Mail un den Support. Mir sinn bei Mail No.6&7 ukomm an nach ëmmer keng Léisung an Aussiicht.
Ech hunn schlussendlech realiséiert dass mäin FireTVStick op den Däitschen Marché gebonnen ass, an wat nach vill méi wichteg ass, dass de keng Prime-Video Offerten kanns op deem kucken. Des Offer kann just iwwert Tablett / Handy gekuckt ginn, wat mir an der läeschter Mail vum Support erkläert gouf.
Wat ech nach iwwert den Support vun Amazon soen kann… Ganz éierlech: Top Service! Si woren wierklech ëmmer immens frëndlech, hunn ëmmer probéiert ze hëllefen an hunn souguer probéiert mir un ze ruffen. Respekt fir dat!
Mäin Fazit: Definitiv nach net prett fir den Lëtzebuergeschen Marché! Wann ech meng Tablette / Handy muss huelen fir se doriwwer op meng Telé ze streamen, dann ass dat net wierklech praktesch! An ganz éierlech, et funktionéiert net um Player deen aus hirem Haus kennt? Éierlech? Villäicht hätten se sollten méi Gedanken an d’Realisatioun stiechen ier se hir Plattform op den Marché geworf hunn. Well Lëtzebuerg nach ëmmer speziell wor betreffend Geo-IP an well Däitschland fir Amazon nach ëmmer een Lizenzen Problem ass, muss ech wuel bei mengem regulären VOD Provider bleiwen, souguer wann deen net esou vill Filmer am ugebuert huet wei Amazon… Netflix hei sinn ech erëm!

Spam goes Lëtzebuergesch

This week now the first Spam Email in Luxembourgish arrived in my Inbox. Thank you Google Translate! The most astonishing fact was, that my Email Address from an DE Domain made it into an Spamlist specific for Luxembourg. Respect!

Criminals seem also to improve their tactics. You can find the text below.

Dees Woch elo huet mech lo déi éischten Spam Email op Lëtzebuergesch erreecht. Merci Google Translate! Iwwerraschenderweis huet meng Email Adress déi op eng DE Domain leeft et an eng Spamlescht gepackt spezifesch fir Lëtzebuerg. Respekt!

Och Krimineller schéngen sech weider ze entwéckelen. Den Text fannt der hei drënner.

Léiwe Frënd,

Ech Sir Jonathan Stephen Cunliffe, Deputéierte Gouverneur, Financial Stabilitéit Bank vun England. Ech hunn eng interessant Offer deen derwäert ass (GBP 11,5) Millionär mat Iech ze deelen. Wann interesséiert, schreiwen zréck ze meng perséinlech Mail: jonclf10@aol.co.uk fir méi Detailer.

Opgepasst: Dëse Message iwwersat gouf eng Google Iwwersetzer benotzt. Wann dir schwätzen kann, schreiwen a verstoen Englesch, sot mir wëssen, wéi et besser fir eis Kommunikatioun ginn.

Gréiss,
Sir Jon Cunliffe

What Bloggers did in Luxembourg 2015

So for the end of the year, i had once again a look at the blogging scene here in Luxembourg. So honestly, what happened in the scene. Last year i did this already and i have to say that after one year a lot of new pages came up!

Last year on the first place there were many fashion bloggers. And as it appears nothing changed there. They still make the first place. Lots of people seem to be interested in this domain. Even real life meetings take place and this community seems to be alive and kick-in.

Second place in my eyes seem to be (i call them) Instagram bloggers. These are people who mainly post pictures. From any situation in life. Not really any text but the focus is really on photos.

Third place goes to food bloggers. So they lost in my eyes a place but still a strong community and in my eyes the community which is underrated for the work they put into their pages!

On the last place come many blog’s who are very specialized. And i have to say that those blog’s as well as the food bloggers put a lot of effort and their hearts into their blog’s which is in my eyes the most important thing for a blog. Simply putting up pictures of stuff you bought, tried out and photographed is less complicated than building up a complete story around your post. It takes much more time to think, prepare and realize those posts than taking some pictures on the go as you walk a city or do shopping.

But anyway that’s only a personal opinion and certainly everybody who puts work into ist page deserves respect for it! So keep up the good work!

Fir d’Enn vum Joer hunn ech alt erëm eng Kéier d’Blogger Seene hei zu Lëtzebuerg an engem Post zesummen gefaasst, genau ewéi ech dat schonns läschte Joer gemeet hat.

Lëschten Joer loungen d’Moude Blogger op der éischter Plaatz an ewéi et schéngt ass dat dëst Joer och den Fall. Een ganzen Koup vun Leit schéngen an deem Domaine interesséiert ze sinn an et gëtt mëttlerweil esou guer eng ganz Rei vun Evenementer wou sech sou Leit erëm fannen.

Op der zweeter Plaatz kommen fir mech (ech nennen se) Instagram Blogger. Dëst sinn Leit déi haaptsächlech Fotoen bloggen. An egal wei enger Liewes Situatioun oder wou och ëmmer. Hei läit den Fokus virun allem op Fotoen an manner um Text.

Op drëtter Plaatz kommen d’Blogger déi iwwert Iessen schreiwen. Un sech hunn se an mengen Aen eng Plaatz verluer, mä ech sinn eierelch gesot der Meenung dass se een bëssen ënnerbewäert sinn, well hir Bloggen wierklech vill Zäit an Virbereedungen an Usproch huelen.

Op leschter Plaatz leien een ganzen Koup spezieller an individueller Säiten. Ewéi gesot fannen ech dass déi Säiten an d’Food Blogger leider dacks wierklech ënner estiméiert sinn fir déi Aarbecht déi se an hir Posten stiechen. Einfach Fotoen ze maachen vun Produiten oder Platzen an ze posten ass denken ech manner ustrengend ewéi dat wou een Koup Blogger opbréngen fir een interessanten Post ze erstellen.

Mä nichts desto trotz, dëst ass nëmmen meng perséinlech Meenung an all Blogger sollt un sech den Respekt kréien well en dacks zimlech vill Zäit an seng Posten investéiert! Also weider sou mat der gudder Aarbecht!

Bloggen zu Lëtzebuerg

No engem Joer een bëssen esou sech an der Welt vun den Blogger beweegen hunn ech denken ech esou lues een bëssen sou den allgemengen Horizont ofgegraast an zu mengem Erstaunen festgestallt dass et eng richteg Mode-Community hei zu Lëtzebuerg gëtt. Soss kennt een dat juste vun der Tele respektiv eben dem Ausland ma ech hunn missten gesinn dass et eng ganz Rei deeër Blog’s gëtt!

Op zweeter Plaatz denken ech fënnt een Kachblogger… Am populärsten ass wuel do den RTL-Star d’Anne’s Kitchen. Ma och eng ganz Rei anerer fënnt een eben.

An zulescht gëtt et eng ganz Rei divers Blog’en iwwert allméiglech Themen. Ech hunn hei eng Lëscht zesummen gedroen vun deenen wuel greisten respektiv deenen wou een am einfachsten fënnt.

Dann wollt ech ower nach meng perséinlech Favoriten nach opzielen! Op Éischter Plaatz een méi witzeg un gehauchten Blog: Phonebitch. Hei erzielt eng Telephonsexunbidderin hier Geschichten an Aventuren. Wierklech ennerhuelsam!

Dann muss ech mäin Respekt fir egalwaat.lu ausschwätzen! Dëst ass wuel mat een vun deenen eelsten Lëtzebuerger Säiten deen ech kennen! Zanter den Ur-Zäiten wou et den Internet zu Lëtzebuerg gouf, kennen ech deen Site! An leider sinn vill Stären mat der Zäit ënner gaangen… Mat een vun deenen leschten Mohikaner!

Fir den Rescht sinn hei d’Linken:

Kachen

http://anneskitchen.co.uk/
http://theresa.lu/tv
http://www.what2how2.com/

Mode

http://www.clothesandcamera.com/
http://www.luxessed.com/
http://ivaniasmode.com/

Photographie /Film

http://www.filmreakter.lu/
http://nennyscorner.wordpress.com/
http://zipper85.wordpress.com/

Allgemeng / Geek / Computer / Schreftsteller

http://phonebitch.blogspot.com/
http://svenwohl.com/
http://geekshrine.net/
http://culturegeekblog.com/
http://notizziedel.blogspot.com/
http://egalwaat.lu/