Tag Archives: Geld

Vun enger Währung déi et nëmmen am Internet gëtt – Bitcoin

Den Ausdrock Bitcoins héiert een an leschter Zäit ëmmer méi dacks. Dacks gouf dëst Wuert am Zesummenhang mat dubiéisen Säiten oder Geschäfter genannt. Ma wat stécht eigentlech hannert deeër Währung déi villen Leit guer keen Begrëff ass. Un sech ass et eng esou genannten Cryptowärhrung, eng Währung déi reng digital ass an en plus anonym.

Vereinfacht duergestallt ass et eng dezentraliséiert Währung déi iwwert hiert Netzwierk kontrolléiert gëtt. Ma wat heeschen déi verschidden Punkten vun deeër Währung dann eigentlech?

Dezentral Währung: D’Geld gëtt vum System selwer kontrolléiert. Et gëtt keng Zentralbank déi d’Iwwersiicht huet, déi d’Geld produzéiert an d’Unzuel kontrolléiert. Bei Bitcoins iwwerhëlt den System, d’Netzwierk all déi Funktiounen selwer. Den Protokoll ass esou geschriwwen dass d’Perr-to-Peer Netzwierk d’Transaktiounen selwer kontrolléiert an doduerch Mëssbrauch ausgeschloss gëtt. Doduerch dass d’Anonymitéit vum System een Haaptpilier ass, as et och schwéier Transaktiounen enger bestëmmter Persoun zou ze uerdnen.

D’Geld selwer: Et gët net einfach decidéiert dass X Bitcoins op den Marché gehait ginn, ma den Erfinder huet decidéiert dass 21 Milliounen Coins den Maximum wieren. An déi Bitcoins gin duerch Rechenleeschtung vun den Benotzer generéiert. Iergendwann ëm 2200 sinn se réischt all um Marché disponibel.

Cryptowährung: Et kritt een Bitcoins als Merci wann een “Hashwerter” fënnt an enger SHA-256 Berechnung. Dëst as een Crypto-Algorithmus. Dofir muss den PC (respektiv aner Hardware) eben genau déi Wäerter berechnen. Den System kontrolléiert déi Berechnungen dann an wann et stëmmt kritt een déi respektiv Belounung.

Fazit: Fir Computer begeeschtert Leit eng flott Internet-Success-Story. D’Fro ass just ewéi laang den Succès unhalen wärt, ma dat kann nëmmen d’Zäit erzielen. Et as een komplexen System woumatter een an deem läschte Joer vill Geld verdéngen konnt ma den Zuch as definitiv schonns extrem schnell ënnerwee! Ech wärt an engem spéideren Blog eemol op meng Erfahrungen mam System agoen, ma och ech sinn knapps réischt 2 Méint mat dem System bekannt an ech weess definitiv nach net genuch doriwwer fir een Expert ze sinn.