Tag Archives: Internet

Main Hoster

Also ech muss elo Haut mäin Hoster einfach luewen! Un sech sinn ech elo zanter geraumer Zäit Client bei der Firma all-inkl.com. Heibäi handelt et sech em eng Däitsch Firma déi eben Hosting unbidd. Ech sinn dohinner gewiesselt nodeems ech vun mengem kompletten Server ofgesi hunn, an dunn eben op der Sich no engem neien Provider wor. Ech wor virdrunner bei Root.lu an ech muss soen dass ech och wierklech zefridden wor mat hirem Service, hirer Frëndlechkeet an hirem Service! Ech sinn just bei hinnen fortgaangen well ech keen kompletten Server méi gebraucht hunn! Ansonsten ass et fir klengen Hosting den perfekten Provider fir Lëtzebuerg! Wierklech!

Ma ech brauch ebessen mei ewei den Standard Hosting! Mei Plaatz, méi Funktiounen an soss techneschen Schnick Schnack. Bei Root hätt ech dofir een virtuellen oder kompletten Server gebraucht. Zu deem Zaitpunkt sin ech iwert een Artikel an der “ct” gefall wou eben all-inkl.com als Provider virgestallt gouf an wierklech gutt ofgeschnidden huet. No engem kuerzen Testaccount (mat eng vun deenen eenzegen Firmen wou ech Testaccount’en fonnt hun) hun ech schlussendlech bei hinnen kaaft! An bis Haut hun ech et net bereit!

Am Géigendeel! An Haut hunn se mech elo erëm positiv iwwerrascht! Ab hirem zweet klengsten Account bidden si esou guer zanter kuerzem DynDns mat un! Dat heescht bei mengen Domainen kann ech elo eng Subdomain maan déi op mäin Heemnetz leet. Nach schnell f’FritzBox agestallt an Zack leeft den Buttek =)

Merci All-Inkl.com

Vun enger Währung déi et nëmmen am Internet gëtt – Bitcoin

Den Ausdrock Bitcoins héiert een an leschter Zäit ëmmer méi dacks. Dacks gouf dëst Wuert am Zesummenhang mat dubiéisen Säiten oder Geschäfter genannt. Ma wat stécht eigentlech hannert deeër Währung déi villen Leit guer keen Begrëff ass. Un sech ass et eng esou genannten Cryptowärhrung, eng Währung déi reng digital ass an en plus anonym.

Vereinfacht duergestallt ass et eng dezentraliséiert Währung déi iwwert hiert Netzwierk kontrolléiert gëtt. Ma wat heeschen déi verschidden Punkten vun deeër Währung dann eigentlech?

Dezentral Währung: D’Geld gëtt vum System selwer kontrolléiert. Et gëtt keng Zentralbank déi d’Iwwersiicht huet, déi d’Geld produzéiert an d’Unzuel kontrolléiert. Bei Bitcoins iwwerhëlt den System, d’Netzwierk all déi Funktiounen selwer. Den Protokoll ass esou geschriwwen dass d’Perr-to-Peer Netzwierk d’Transaktiounen selwer kontrolléiert an doduerch Mëssbrauch ausgeschloss gëtt. Doduerch dass d’Anonymitéit vum System een Haaptpilier ass, as et och schwéier Transaktiounen enger bestëmmter Persoun zou ze uerdnen.

D’Geld selwer: Et gët net einfach decidéiert dass X Bitcoins op den Marché gehait ginn, ma den Erfinder huet decidéiert dass 21 Milliounen Coins den Maximum wieren. An déi Bitcoins gin duerch Rechenleeschtung vun den Benotzer generéiert. Iergendwann ëm 2200 sinn se réischt all um Marché disponibel.

Cryptowährung: Et kritt een Bitcoins als Merci wann een “Hashwerter” fënnt an enger SHA-256 Berechnung. Dëst as een Crypto-Algorithmus. Dofir muss den PC (respektiv aner Hardware) eben genau déi Wäerter berechnen. Den System kontrolléiert déi Berechnungen dann an wann et stëmmt kritt een déi respektiv Belounung.

Fazit: Fir Computer begeeschtert Leit eng flott Internet-Success-Story. D’Fro ass just ewéi laang den Succès unhalen wärt, ma dat kann nëmmen d’Zäit erzielen. Et as een komplexen System woumatter een an deem läschte Joer vill Geld verdéngen konnt ma den Zuch as definitiv schonns extrem schnell ënnerwee! Ech wärt an engem spéideren Blog eemol op meng Erfahrungen mam System agoen, ma och ech sinn knapps réischt 2 Méint mat dem System bekannt an ech weess definitiv nach net genuch doriwwer fir een Expert ze sinn.