Tag Archives: Market

Bitcoin Handel

Déi läschte zwou Wochen hunn ech mech een bëssen mam Bitcoin Handel beschäftegt an et wor eng Rasant Aventure! Eppes fir ewech: Handelt net mat Geld op wat dir net verzichten kennt! Et as wuel mat deen gréisten Risiko Marché deen zur Zäit aktuell dem groussen Public op ass! Et ass een Marché deen Fluktuatiounen vun méi ewéi 10% am Dag an allen Richtungen kann aschloen an Limitten kann keen wierklech viraus gesinn.

Ufank des Jores wor een Bitcoin em 10$ wäert an virun enger Woch stoung den Wäert bei iwwert 1200$. (Bitcoin Präis Statistik – https://blockchain.info/de/charts/market-price) D’Präisser sinn an deenen läschte Deeg elo schonns erëm gefall ma d’Noriichten di een an leschter Zäit ëmmer méi erëm vun dem Thema Bitcoins héiert kann een duerchaus als positiv bewäerten an deeër digitaler Währung op mannst fir geraum Zäit eng positiv Zukunft viraus soen.

Un sech gëtt divers Marchéen op deenen een kafen an verkafen kann. Een gudden Iwwerbléck bidd folgend Oplëschtung: http://bitcoincharts.com/markets . Do gesäit een och wei vill Transfert Volumen op deenen verschiddenen Platzen duerch geet wat engem och eng Iddi gëtt wie vertauenswürdeg se sinn.

Oppassen muss een ower virun allem wie een Geld eran respektiv eraus kritt vun deenen verschiddenen Marchéen. An ech schwätzen hei net vun den Bitcoins (BTC) ma virun allem vum regulärem Geld! Well schliisslech well een säin Profit (wann een dann iwwerhaapt een geneet huet) och erëm eraus kritt aus dem System! Google ass sécher eng grouss Hëllef, ma als Europäer soll een definitiv net an China oder Amerika (di zwee gréisten Marchéen) investéieren well se definitiv mat Komplikatiounen an virun allem laangen Zaitverzicht verbonnen sinn!

Ech fir mäin Deel sinn elo Client bei BitStamp an ech muss soen no enger gudder Woch studéieren huet een den System verstanen. Wat ower mengen ech wierklech net op di liicht Schëller ze huelen ass sinn d’Fluktuatiounen! Den traditionellen Trader Handel baséiert jo dacks op Noriichten an soss Informatiounen iwwert di Respektiv Firmen etc. Bei Bitcoins gëtt et dat net an virun allem sinn d’Noriichten dacks vill méi Schwier ze deiten respektiv reagéiert den Maart och net ëmmer ewéi een sech dat virstellt op di respektiv Noriichten! Bis elo sinn meng Rechnungen nach ëmmer op gaangen ma ech sinn ower och ganz virsiichteg bliwwen! Den Risiko dierf een ni aus den Aen verléieren! Well 10% Verloscht kënnen eng Fro vun 5 Minutten sinn an no 10 Minutten kann en schonns rëm iwwert sengem Initialen Wäert leien…