Tag Archives: Newsletter

HowTo Newsletter

Ech hunn missten fir een Veräin een HowTo fir eng Newsletter erstellen. Well een deeër net wierklech am Internet fënnt publizéieren ech en och hei.

Fir dass eng Newsletter optimal ugeholl gëtt, ginn et verschidden Regelen déi mussen onbedéngt agehaangen ginn! Déi Regelen sinn ähnlech ewéi déi fir eng Internet Säit. Et gëtt eng Statistik déi seet dass een manner ewéi 20 Sekonnen huet fir dass d’Leit op enger Säit dat fannen wat se gesicht hunn, fir dass d’Säit positiv an Erënnerung bleift an se also erëm kommen. Jo ech weess Statistiken sinn gëdeleg, ma zemools bei solchen Saachen ewéi Newsletter sinn se wichteg fir dass d’Leit sech d’Newsletter komplett ukucken an net an der Halschent opginn!

Hei elo puer golden Regelen:

1) Gutt Iwwerschrëften

Et ass wichteg dass d’Leit déi verschidden Themen déi ugeschwat ginn schnell an däitlech erkennen. Dofir sinn kloer an däitlech Iwwerschrëften wichteg!

2) Qualitéit statt Quantitéit

Ganz wichteg ass d’Qualitéit vun den Noriichten. Banal Informatiounen huelen just Plaatz an, ma virun allem mierken d’Leit sech dass Saachen an der Newsletter woren déi un sech net wichteg woren!

3) Besoin’en vun den Abonnenten

Wichteg ass dass een ni aus den Aen verléiert wat d’Leit sech un sech vun enger Newsletter erwaarden! Gutt Informatiounen sinn also wichteg wou mir och erëm bei der Qualitéit wieren

4) Humor

Den Text, d’Meldungen an déi ganz Noriichten sollen un sech witzeg geschriwwen sinn, esou dass et Spaass mëscht se ze liesen. Ma ganz kloer dierf et keen Comic ginn dass d’Noriichten un Credibilitéit verléieren! Vläit eng Noriicht eben wierklech méi witzeg halen.

5) Kuerz halen

D’Texter zu den verschiddenen Noriichten sollen relativ kuerz gehalen sinn. Et soll een wierklech nëmmen déi wichtegst Saachen dran schreiwen an een Link op eng Sait maachen wou een am Detail kann alles erklären wat een muss. Virdeel ass, dass déi wou d’Thema net interesséiert et net mussen liesen an doduerch net generft sinn!

6) Aktuell Noriichten

Noriichten sollen net schonns al sinn! Een Scoop ass natierlech optimal, ma aktuell Noriichten sinn dat bescht. Iwwert Dauerthemaen kann een natierlech och ëmmer erëm zielen, ma dann vläit nëmmen déi neisten Noriichten an iwwert een Link den ganzen Historique eben…

7) GROUSSSCHREIWEN ass TABU!

Eng Regel am Internet as dass een net all Buschtawen Grouss schreift! Dat bedeit dass een jaitzen géif! Dann éischter “Bold” oder “Kursiv” huelen oder et ënnersträichen!

8) Frëndlech an Korrekt sinn

Den Text soll ni aggressiv geschriwwen sinn! Dat mécht een oncredibel! An virun allem weess een ni wien alles d’Newsletter liesen kéint respektiv wien se zitéieren kéint oder wou se landen kéint. Herno bereit een eventuell d’Publikatioun! Ausserdeem muss een bei externen Zitater ganz kloer soen vun wou een se huet etc (Copyright)

9) Verbesserungen & Rechtschreiwung

Natierlech soll een seng Noriichten puer mol iwwerliesen ier se eraus ginn. Een Spellchecker ze benotzen as och keen Fehler. Gesonden Sazbau an Saitenopbau feieren derzou dass eng Newsletter och nach optesch professionell eriwwer kennt.

10) Legalitéit

Leit mussen sech einfach An- an Ausschreiwen kënnen. Ausserdeem muss ganz kloer sinn vun wiem d’Newsletter kënnt an wei een déi Responsabel kontaktéieren kann.

Fir den Rescht muss den Produit fir sech schwätzen!