Tag Archives: SDR

Héieren wat esou ronderëm een geschitt

Virun geraumer Zäit sinn ech iwwert een Thema am Internet gefall wat mech alt rëm interesséiert huet an wat ech hunn missten ausprobéieren. Et handelt sech dobäi ëm SDR-Scanner. SDR steet fir Software Defined Radio an un sech geet et ëm Funk Scanner déi een um PC bedreiwen kann. Ma wat dat ganzt nach méi interessant mëscht ass virun allem den Fakt dass d’Hardware fir knapps +/-15€ am Elektronik Geschäft vum Vertrauen ze kréien ass! Wei ech deen Artikel gelies hat hunn ech mech bei Ebay an Co. op d’Sich gemaach an déi néideg Hardware bestallt, ma kuerz drop hunn ech an mengem Fundus un Hardware natierlech esou een Stick fonnt =)

Wat brauch een? Ma een DVB-T USB Stick! Wéieen Model? Dat ass schwéier soen… Ma Google hëlleft engem sécher wieder. Un sech vergewaltegt een d’Hardware well een se fir aner Zwecker mëssbraucht ewéi se geduecht wor. Mëttlerweil hunn ech fir manner ewéi 20€ (Versand inklusive) an mengen China Shop vum Vertrauen elo nach weider Stick’en bestallt. Mol kucken wat se bréngen wann se no méi ewéi engem Mount ukomm sinn =)

Wat ech ower bis dato realiséiert hunn? Virun allem een normalen Funk Empfänger an wat mir ower nach besser gefall huet een ADSB Radar. Dat ass wierklech een flotten Gimmick an fir Hobby Aviatioun Amateuren eng bëlleg Alternativ zu kommerziellen Systemer déi iwwert puer honnert Euro kaschten. Ech hat alt rëm vergiess ze erwähnen dass een an Verbindung mat engem Raspberry Pi och wonnerschéin Projeten mat esou Sticken realiséieren kann =)

Hei just nach puer Linken:

SDRSharp – Freeware Radio Scanner – Empfänger Programm

adsbScope – Freeware ADSB Programm