Tag Archives: Threema

Meng nei lieblings App

Zanter geraumer Zäit hunn ech eng nei lieblings App. Vill Leit hunn iwwert Joren ugefaangen WhatsApp ze benotzen. Ma zanter puer Wochen tauchen iwwerall méi Reportagen iwwert eng Alternative App op, wou an deem Zesummenhang déi beschte Kritike kritt. Jo kloer froe vill Leit sech ëmmer erëm firwat dass een Verschlësselung brauch oder muss hunn oder firwat een sech esou Gedanken iwwerhaapt maachen soll. Genau esou fänken d’Leit ower un mat jaitzen wann an der Staat nei Iwwerwaachungskameraen opgestallt ginn fir dass den Leit hir Sécherheet garantéiert kann ginn… Een bëssen paradox ma bon!

Ech fir mäin Deel hunn elo ugefaangen vun allen WhatsApp oder Viber Alternativen of ze gesinn an op Threema ëm ze wiesselen. Déi App verschlësselt d’Messagen esou dass se nëmmen vun den Benotzer selwer entschlësselt kann ginn. D’Provider (also d’Firma déi meng Internet Leitung stellt genau esou ewéi d’Firma déi d’App programméiert huet) kënnen déi Messagen net mat liesen. An alleng deen Zousaz ass deen minimalen Geldopwand derwäert!

Natierlech beäntwert dat nach ëmmer net d’Fro firwat een dat brauch. Mä wann een an leschter Zäit ëmmer erëm d’Noriichten liest vun spezialiséierten Säiten, dann fënnt een ëmmer méi kritesch Stëmmen déi quasi ni positiv iwwert déi divers grouss Boîten sinn. Natierlech hunn déi Firmen bis dato ëmmer Geld mat dem Onwëssenheet vun hiren Benotzer verdéngt ma virun allem woren déi mannsten sech Bewosst wat déi Firmen virun allem wossten respektiv sech zesummen denken konnten.

Folgenden Artikel iwwert eng Etude bestätegt ower zimlech genau wat kleng domm Leit ewéi ech schonns zanter Joren soen. Firmen déi gratis App’en verdeelen, ënnert ewéi enger Forme och ëmmer, kommen ganz sécher un Informatiounen erun wou keen mengen géif dass et esou wier! „WhatsApp“ an „Angry Birds“ sinn wierklech nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Mir vertrauen deenen Firmen esou vill Informatiounen un ewéi mir eemol knapps eisen beschten Kollegen uvertrauen.